Radioen

On air

Resonanzen  |  Johann Sebastian Bach (arr. Ottorino Respighi) - Prelude a Fugue a Ré Majeur, (BWV 532), P 158, Fugue - Orchestre Philharmonique Royal de Liège, John Neschling (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Definitiv Resultater fir Sozialwahlen

Sozialwahlen 2019

Definitiv Resultater fir Sozialwahlen

Den OGBL behält mat 35 vu 60 Sëtz déi absolut Majoritéit an der Salariatskammer. Bei de Sozialwahlen huet den Onofhängege Gewerkschaftsbond awer dräi Sëtz un den LCGB verluer. De Chrëschtleche Gewerkschaftsbond huet elo 18 Sëtz an der CSL. Dës Resultater huet den Aarbechtsministère haut publizéiert.

auto_stories

3 min

Den OGBL verléiert an de Gruppe vum Bausecteur, der Industrie, an de Servicer jeeweils ee Sëtz un den LCGB.

Am Finanzsecteur bleift d'Aleba mat véier Sëtz stäerkste Kraaft. D'Bankegewerkschaft krut hei awer nëmme méi 49 Prozent vun de Stëmmen (2013 waren et 50,39 Prozent). Mat hirer Majoritéit verléiert d'Aleba am Prinzip och déi sektoriell Representativitéit, an deemno d'Recht fir Kollektivverträg z'ënnerschreiwen.

Am Grupp vun den CFL-Mataarbechter bleift alles beim Alen: de Landesverband huet zwee Sëtz an de Syprolux een.

Wie gëtt nächst(en) CSL-President(in)?

Den OGBL-President André Roeltgen ass am Grupp vun de Servicer fir seng Gewerkschaft just als zweete Suppleant gewielt. Éischtgewielt ass hei d'OGBL-Generalsekretärin Nora Back. Den André Roelten war am Gespréich fir neie President vun der Salariatskammer ze ginn - wat mat dësem Resultat wuel net méiglech ass.

Den LCGB-President Patrick Dury ass am selwechte Grupp Éischtgewielte vu senger Gewerkschaft.

De Jean-Claude Reding, dee bis elo CSL-President war, awer net méi fir dee Posten zur Verfügung steet, gouf am Grupp vun de Pensionnéierten op der Lëscht vum OGBL als Éischte gewielt.

Wahlbedeelegung a Fraenundeel

Wahlberechtegt ware ronn 526.476 Salariéen a Pensionnéierter. D'Wahlbedeelegung louch bei duerchschnëttlech 33 Prozent. Wat ee liichte Réckgank am Verglach zu 2013 bedeit. Deemools hunn 36 Prozent vun de Wahlberechtegten hir Stëmmen ofginn.

Déi héchst Wahlbedeelegung gouf et mat 76 Prozent am Grupp 1 (Stolindustrie). Déi niddregst Wahlbedeelegung gouf et mat 25 Prozent am Grupp 5 (Servicer).

Ënnert de Kandidate ware just een Drëttel weiblech. Vun de 60 Sëtz ginn der 22 u Fraen (37 Prozent). Bis elo ware 14 Fraen an der Assemblée plénière vun der CSL (also 23 Prozent).


Reaktioun vum Patrick Dury (LCGB):

Lauschterenplay_arrow

De Patrick Dury iwwer d'sektoriell Representativitéit:

Lauschterenplay_arrow


Reaktioun vum Laurent Mertz (Aleba):

Lauschterenplay_arrow

De Laurent Mertz iwwer d'sektoriell Representativitéit:

Lauschterenplay_arrow


Déi ganz Sëtzverdeelung an der Salariatskammer:

Verglach Sëtzverdeelung mat 2013 an 2008: