Radioen

On air

Tockcity  |  The Flints - Midnight Sunrise

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi däitsch-franséisch Frëndschaft an d'Roll vu Lëtzebuerg

International Bezéiungen

Déi däitsch-franséisch Frëndschaft an d'Roll vu Lëtzebuerg

Den Emmanuel Macron reest direkt den éischten Dag no senger Inauguratioun op Berlin bei d'Angela Merkel. D'Medie schwätze vun enger neier, revitaliséierter Allianz tëscht Frankräich an Däitschland. Historesch ass d'Frëndschaft op alle Fall a Lëtzebuerg huet zäitweis och eng Roll dobäi gespillt.

auto_stories

3 min

Déi däitsch-franséisch Frëndschaft gouf et net ëmmer an et ass eréischt no den zwee Weltkricher, datt déi zwee Länner beienee fonnt hunn. "Dobäi huet Lëtzebuerg eng net onbedeitend Roll gespillt," seet de Romain Leick, laangjärege Journalist vun der däitscher Zeitung Der Spiegel.

Schonn nom Éischte Weltkrich hätt Lëtzebuerg versicht, den Dialog tëscht Däitschland a Frankräich erëm a Gank ze bréngen. Dat wier och de Fall nom Zweete Weltkrich gewiescht. "De fréiere Lëtzebuerger Premierminister Joseph Bech war e gudde Bekannten a Gespréichspartner vum fréieren däitsche Kanzler Konrad Adenauer. Béid Männer hu sech och heiansdo zesummen iwwer Frankräich beklot. Lëtzebuerg huet déi Roll, déi et am beschten ausübe kann, wann et falsch Mustere vun der Perceptioun vun deem enge vis-a-vis vun deem anere Land interpretéiere kann." Dat wier déi eigentlech Roll vun engem, deen en Dialog soll stëften tëscht zwee Länner, déi sech laang als Konkurrenten oder Äerzfeinde betruecht hunn.

Ongewëss Zukunft fir d'Bezéiungen

Haut ka vu Feindschaft keng Rieds méi sinn, wann den Emmanuel Macron, nei gewielte franséische President, säin éischten Dag notzt, fir op Berlin bei d'Angela Merkel ze reesen. An um häerzlechem Empfang huet et net gefeelt. D'Leit stounge mat europäesche Fändele virum Kanzleramt, den Ausseminister Sigmar Gabriel huet hie souguer um Fluchhafen ofgeholl.

Mä d'Bezéiung Frankräich-Däitschland ass bis am September vun dësem Joer, wann d'Bundestagswahlen an Däitschland wäerte sinn, nach ongewëss. An Diskussiounen ass och ëmmer nees Rieds vun där albekannter Dynamik tëscht deenen zwee Länner. Däitschland, deem et wirtschaftlech gutt geet an dat op Frankräich e wéineg erofkuckt. Virun allem well d'Land reformresistent war a säi Chômage net an de Greff géif kréien. "Däitschland hat seng wirtschaftlech Iwwerleeënheet tatsächlech e bëssen ausgespillt. Mä och Däitschland steet net ëmmer esou brillant an alle Kategorien do, wéi ee vläicht mengt," seet de Romain Leick.

Zu enger Zäit, wéi d'Relatioun tëscht den zwee Länner ganz schwiereg war, nämlech an den 20er Joren, huet Lëtzebuerg eng Schlësselroll ageholl. Zu Kolpech, am klengen Duerf un der belscher Grenz, hunn d'Aline an den Emile Mayrisch am Schlass Kolpech eng Aart kontinental Bloomsbury Group opgemaach.

Interkulturellen Dialog an europäescht Verständnes

Aus kulturhistorescher Siicht bedeit Kolpech e wichtegen a wierklech moderne Moment, wéi wirtschaftlech Interessien an den intellektuellen Debat vun dräi Länner zesummekoumen. Den Zweete Weltkrich koum nach dotëscht, mä de Versuch vum interkulturellen Dialog a vum europäesche Verständnis war fir d'Zukunft geluecht. Haut lieft den Esprit vu Kolpech ënnert anerem an der Form vum IPW weider, dem Institut Pierre Werner, dee sech als trinationale Kulturinstitut versteet. Hautdesdaags ass Europa onverzichtbar, sou den Direkter vum IPW Olivier Frank.