Radioen

On air

De Moien  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi "douce Manéier"

Europwahlen 2019

Déi "douce Manéier"

De President vun der Autorité Luxembourgeoise Indépendante de l'Audiovisuel (ALIA) Thierry Hoscheit weist sech zefridden, datt RTL elo awer Wahlspotten op Franséisch diffuséiert. Aus dem Sträit wëllt d'Medienautoritéit eng Léier zéien.

auto_stories

2 min

D'ALIA hätt hiert Zil erreecht, fënnt den Thierry Hoscheit: D'Wahlcampagne kéint elo "a Rou" iwwer d'Bühn goen, an all Partei kéint déi Spotte weisen, déi se wëllt. Hie wier frou, datt dësen Accord "op eng douce Manéier" fonnt gouf, ouni datt d'ALIA "mam décken Hummer huet mussen dropschloen".

RTL hat den 2. Mee matgedeelt, datt elo awer Wahlspotten op Franséisch gesent ginn, well déi grouss Majoritéit vun de Parteien domat averstane wier.

Parteien hunn dat lescht Wuert

De facto haten also d'Parteien dat lescht Wuert: D'ALIA hat si ëm hiren Avis gefrot, an eréischt wéi eng Majoritéit sech fir d'Diffusioun vu franséische Spotten ausgeschwat huet, huet RTL noginn. Et géif ee sech als Kontrollautoritéit dowéinst awer net iwwergaange fillen, seet den Thierry Hoscheit.

Kloer wier awer, datt d'Medienautoritéit beim Iwwerwaache vun der Wahlkampagne zum Deel op de "gudde Wëlle" vun de Parteien an de Medien ugewise wier. Den Ament hätt d'ALIA "keng richteg Handhab fir iergendeppes ze imposéieren, wa mir mengen, datt iergendeppes misst gemaach ginn".

Dat wier och scho virun der Polemik ëm d'Sprooch vun de Spotte kloer ginn. Zum Beispill hätt ee sech bei der Dauer vun de Spotten net géint d'Parteien duerchgesat kritt: "Mir haten do eng aner Léisung proposéiert, wéi dat, wat am Endeffekt festgehale ginn ass am Accord. Wéi gesot: D'Parteie wollten net, do konnte mir dat, wat eiser Meenung no eng besser Léisung war, net imposéieren."

Verbesserungspotential

Et géif hei ëm déi fundamental Fro goen, wéi een demokratesche Wahlprozess ofleeft, esou den Thierry Hoscheit. Do wier et "nëmmen normal", datt eng "ëffentlech an onofhängeg Instanz" d'Opsiicht hätt. Dee Prozess kéint een net de Parteien, engem Privatsender wéi RTL oder och engem ëffentlech-rechtleche Sender wéi dem radio 100,7 iwwerloossen.

Den Thierry Hoscheit mengt awer och, datt d'ALIA dofir "idealerweis" méi Pouvoiren hätt "fir kënnen Decisiounen ze huelen, wa keen Accord entsteet."

Hannergrond vum Sträit

D'ALIA hat an dëser Saach den 29. Abrëll eng Instruktioun opgemaach. Betraff waren déi Lénk, déi eng Question urgente zum Thema gestallt haten, an och Volt Luxembourg, déi an engem Communiqué vun enger "regrettabeler Situatioun" geschwat hunn.

RTL hat sech dorobber beruff, datt an der Fiche technique fir d'Europawahlen, déi hir Regie publicitaire IP Enn Mäerz schonn un d'Alia geschéckt hat, kloer vermierkt ass, datt d'Spotte missten op Lëtzebuergesch sinn.