Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi ëffentlech Schoul no fënnef Joer DP-Leedung

Chamberwahlen 2018

Déi ëffentlech Schoul no fënnef Joer DP-Leedung

No 10 Joer ënnert der LSAP-Ministesch Mady Delvaux, huet et 2013 sou ausgesinn, wéi wann d'Fronten an der Educatioun extrem verhäert wieren. Fënnef Joer méi spéit, schéngt d'Situatioun sech entspaant ze hunn - an dat obwuel de liberale Claude Meisch iwwer 40 nei Gesetzer op den Instanzewee bruecht huet. Wat an där Zäit geschitt ass, erkläert d'Christiane Kleer an engem Bilan.

auto_stories

4 min

Christiane Kleer

Hie wier sech "bewosst, datt et him mat sengem neie Ministère net drëms géif goen, seng eege Popularitéit ze stäerken" huet de Claude Meisch am Dezember 2013 bei sengem vu sengem éischte Rendezvous mat der Press gesot.

Nëmmen ee puer Méint méi spéit gëtt kloer, datt hie Recht sollt hunn: Dausende Schüler a Studente protestéiere géint déi vun der Regierung geplangte Kierzunge bei de Studiëbäihëllefen. De Claude Meisch muss agestoen, datt de sougenannte Streikcomité 6670 een "Erfolleg" gelant hat. De Jonken hir Fuerderunge ginn net all ëmgesat, mee Adaptatioune kommen.

Géigewand géint Spuermesuren

Scho kuerz drop kritt de Claude Meisch d'Roserei vun de Gewerkschaften ze spieren. Seng ugekënnegt Spuermoossname kommen net gutt un.

Enn 2014 steet de liberale Minister 1.500 Proffe vun 13e a 1re géintiwwer, déi aus Protest géint d'Aféierung vum sougenannte Coefficient réducteur d'Examenskommissioune wëlle boykottéieren.

Réischt am Summer drop kënnt et zu engem Accord virum Schlichter tëscht Minister a Gewerkschaften.

Souwäit, souvill Konflikt.

De Claude Meisch sollt aus der Episod léieren. Séier schwätzt hien dovun, dem Bildungskrich wëllen een Enn ze setzen. Duerno geet a sengem Discours ëmmer méi vu "Rou an der Schoul" Rieds. Seng Uspriechpartner sicht de liberale Minister sech elo méi geziilt eraus: den Accord mam representativen SNE suergt zwar nach fir Kritik. Mee no an no sinn d'Gewerkschaften ëmmer manner ze héieren, eleng den SEW/OGBL ergräift nach méi reegelméisseg d'Wuert.

Méi Autonomie fir eenzel Lycéeën

De Claude Meisch hat sech vill virgeholl, mat 85 Mesuren déi d'Schoulen an hier Schüler méi no beieneen ze brénge sollen - Stéchwuert ënnerschiddlech Schoule fir ënnerschiddlech Schüler - a fir den Enseignement op nei Erausfuerderungen unzepassen - Stéchwuert Innovatioun.

De Chantier Secondairesreform, deen d'Mady Delvaux Ofgeschlosses hannerlooss hat, gouf fäerdeg gestallt, getrei dem Regierungsprogramm vun 2013.

D'Autonomie gëtt ee weidert Schlagwuert. Haut versichen d'Lycéèen uechter d'Land sech vuneneen ze demarkéieren. Kritiker, virun allem aus den Oppositiounsreie gesinn hei de Risiko, datt eng flächendeckend identesch Schouloffer kéint verluer goen.

D'Projeten iwwerschloe sech an dëser Legislaturperiod an deem wat Observateuren de Superministère nennen, well och Kanner a Jugend elo bei der Educatioun ugesidelt sinn. Déi vill kritiséiert Tëschebilanen am Fondamental gi reforméiert, d'Inspektorat gëtt komplett nei organiséiert - 15 regional Direktiounen ersetzen 20 Arrondissementer. 150 Spezialenseignantë ginn agestallt fir Kanner mat spezifesche Besoinen opzefänken; Kompetenzzentren entstinn. Vill Initiativen, deenen hir Ëmsetzung allerdéngs nach net ofgeschloss ass.

Problematik Wäerteunterrecht

Net ganz sou glat ass den Oflaf vun den Diskussioune ronderëm de Wäerteunterrecht, deen déi blo-rout-gréng Regierung sech an hirem Programm virgeholl huet.

D'Initiative "Fir de Choix", sammelt op hirem Internetsite eng 18.000 Ënnerschrëfte géint d'Ofschafe vu Relioun a Morales-coursen. Succès hunn si domat net. De Wäerteunterrecht ass elo Bestanddeel vum Lëtzebuerger Bildungssystem.

Wéi geet et viru mat der Fërderung vun der Méisproochegkeet?

Mat der Rentrée 2017 gëtt nieft den 20 staatlech finanzéierte Betreiungsstonnen, d'Fërderung vun der Méisproochegkeet bei de ganz Klengen agefouert. Dat heescht: d'Kanner solle souwuel un déi Lëtzebuergesch wéi un déi franséisch Sprooch erugefouert ginn. Eng logesch Suite gëtt et heivir awer net.

Am Regierungsprogramm 2013 huet et zwar geheescht, alternativ Alphabetiséierungsmodeller sollen analyséiert ginn - ee konkret Resultat gëtt et awer net. Tëscht der Crèche an dem Lycée, wou d'Schüler sech hire Sproocheprogramm méi individuell kënnen zesummestellen, bleift deemno ee Lach.

Keng Reform vun der Berfufsausbildung

Ee grousst Lach bleift och am Beräich vun der Beruffsausbildung. De Claude Meisch huet virun Enn vun der Legislatur zwar wuel een neien Text op de Wee bruecht, eng Reform vun der Reform ëmzesetzen huet awer och hien net hikritt.

Um Enn bleift d'Fro: Wéi gutt fänkt déi ëffentlech Schoul déi ganz villfälteg Schülerpopulatioun um Enn da wierklech op? Eng Äntwert hunn 2016 d'Resultater aus der Pisa-Etüd geliwwert: Kanner aus manner gutt situéierte Famille leie mat hire Resultater an alle Beräicher ee gutt Stéck hannert hirer Lëtzebuerger Kollegen - grad wéi déi Jore virdrun.

D'Äntwert vum Claude Meisch war kloer: et wéilt ee weider dru schaffen all d'Schüler an hirer Diversitéit opzefänken, déi iwwregens an der Pisa-Etüd net genuch berécksiichtegt géif ginn. Mee: hie schléit och vir, an Zukunft just nach all sechs Joer bei der Etüd matzemaachen, an net all dräi Joer, nächsten Termin wier deemno 2021.