Radioen

On air

Moiesstudio  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi europäesch Kolonialgeschicht endlech opgräifen

Konferenz

Déi europäesch Kolonialgeschicht endlech opgräifen

Lëtzebuerg brauch statistesch Donnéeë fir de systeemesche Rassismus um Fong entgéintzewierken: eng vun de Conclusioune vun enger Konferenz vun der Uni Lëtzebuerg. Europa géing sech am Verglach mat Nordamerika retizent weisen de strukturelle Rassismus ze erkennen. De Mord vum George Floyd an déi weltwäit Protester vu Black Lives Matter hätten awer e kritescht Auserneesetzen domadder bewierkt.

auto_stories

2 min

Europa géif ënner enger Amnesie par Rapport zu senger eegener Kolonial-Geschicht leiden, esou de Gary Younge, Journalist a Professer, op der Konferenz Understanding Institutional Racism in Comparative Perspective: From Lesson-drawing to an Agenda for Change, déi den 20. Abrëll vun der uni.lu organiséiert gouf.

De Kontinent géif sech trotz senger Multikulturalitéit nach ëmmer schwéier doe mam Phenomeen vum Rassismus. Eng Erklärung wier e Manktem un historescher Reflexioun.

Déi mannste Leit wéisten, datt Lëtzebuerger fir déi belsch Kroun am Belsche Kongo aktiv waren. Zwar géif et eng Opschaffung aus dem Kultur-Secteur mat Publikatiounen an Expoen iwwer d'Lëtzebuerger Bedeelegung am Belsche Kongo ginn. E weidere wichtege Schrëtt an der Vergaangenheetsbewältegung wier d'Thematiséierung dovunner an de Schoulen, esou d'Aktivistin Sandrine Gashonga vu Lëtz Rise Up.

Si stellt och fest, datt sech duerch déi éischt Chamber-Debatt zejoert iwwer systemesche Rassismus eng gewëss Dynamik entwéckelt hätt. Déi wier awer ouni d'Opgräife vun ONGe vun der Etude vun 2018 vun der europäescher Agence fir Grondrechter kaum zustane komm, mengt d'Sandrine Gashonga.

D'Etüd hat d'Erfarunge vu Leit mat afrikanescher Ofstamung aus 12 EU-Memberlänner ënnersicht, dobäi ass Lëtzebuerg staark opgefall wéinst dem vergläichsweis héijen Taux vu gefillter Diskriminéierung.

D'Sandrine Gashonga plaidéiert dofir fir eng systematesch Kollekt vu representative Statistiken, déi mat an den éischten Nationalen Aktiounsplang afléisse sollen.