Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Déi ganz grouss Majoritéit ass immens frou"

Schoulrentrée

"Déi ganz grouss Majoritéit ass immens frou"

De Alain Massen begréisst, datt d'Maskeflicht an de Schoulen zum Deel soll ewech falen. Dat wier eng Aschränkung am Alldag gewiescht, esou de President vun der nationaler Elterevertriedung am 100,7-Interview.

auto_stories

2 min

Den Alain Massen ass President vun der nationaler Elterevertriedung

Déi ganz grouss Majoritéit vun den Elteren, Kanner a Schüler wier ganz frou, datt d'Mask an der Klass endlech kéint wech falen, esou den Alain Massen. "Ech mengen, dat war awer eng Aschränkung am Alldag."

De CovidCheck-System soll an de Schoulen net generell applizéiert ginn. Den Alain Massen gëtt ze bedenken, datt och déi Leit, déi sech weder impfen nach teste loosse wëllen, kee Mask missten undoen. "An do si ganz vill Elteren, déi sech awer Suerge maachen."

De President vun der nationaler Elterevertriedung mengt, datt een deem awer misst Rechnung droen, andeems een eng Form vu CovidCheck an de Schoule géif aféieren, "dat hätt jo eng adaptéiert Form vu CovidCheck kéinte sinn".

Elterevertriedung rechent domat, datt Impftaux an d'Luucht geet

De President vun der nationaler Elterevertriedung rechent domat, datt den Undeel den 12 bis 17 Järegen, déi sech impfe loossen, ronderëm d'Rentrée relativ séier wäert an d'Luucht goen.

Eng Motivatioun vun deene Jonke wier déi, sech net permanent mussen testen ze loossen a fir hir Fräiheete rëm ze kréien.

"Ech weess och vu ville Situatiounen, wou d'Kanner sech wëllen impfe loossen, well se wéi gesot hir Fräiheete wëlle rëm hunn. Si wëllen och net als Eenzegen do stoen, deen dann ëmmer e Selbsttest maache muss, wärend hir Kolleegen einfach duerch d'Dier kënne ra goen. Et ass eng Form vu Gruppenzwang ënner de Jugendlechen do, deen och zur Impfung bäidréit.

Bei den Eltere géif et awer eng gewësse Skepsis ginn hir Kanner impfen ze loossen, esou den Alain Massen: all Impfung wier en Agrëff an et wier gewosst, dat et Niewerisike kënne ginn.

De Regierungsrot huet den 1. September 2021 entscheet, wéi eng Mesurë fir d'Schoulrentrée gëlle sollen - den Educatiounsminister Claude Meisch an d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert stellen déi de Mëtteg um 14 Auer der Press vir.

Am Virfeld war scho gewosst, datt d'Maskeflicht an de Schoule soll ewechfalen: de Claude Meisch hat dat de Gewerkschafte scho proposéiert.