Radioen

On air

Notturno  |  Here We Go Magic - How Do I Know

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ déi gréng a Pirate plädéieren och fir en eenzege Wahlbezierk

Diskussiounen iwwer neit Wahlgesetz

déi gréng a Pirate plädéieren och fir en eenzege Wahlbezierk

Nieft der LSAP schwätzen och déi gréng an d'Pirate sech fir een eenzege Wahlbezierk aus. Dat confirméieren déi zwou Parteien eis op Nofro hin. D'DP wëllt iwwerdeems nach keng Positioun bezéien.

auto_stories

2 min

De Wahlsystem soll "kritesch analyséiert" ginn. Esou steet et am Koalitiounsaccord. Elo deit sech lues a lues un, wéi eng Reform vum Wahlgesetz kéint ausgesinn. déi gréng si grondsätzlech fir en eenzege Wahlbezierk a géint duebel politesch Mandater, seet d'Fraktiounscheffin Josée Lorschée. Wéi dat genee soll ëmgesat ginn, misst awer nach analyséiert ginn. Zum Beispill, wann et drëms geet duebel Mandater ze begrenzen.

"Wann ech zum Beispill meng eege Situatioun kucken: Ech si Schäffen an Deputéiert. Wann ech elo géing soen, ech halen op als Deputéiert, well ech mech menger Gemeng wëll widmen, da kéint ech trotzdem mäi Schäffemandat net zu 100 Prozent ausféieren, well ech erëm misst Schoul hale goen."

déi gréng kënne sech dofir virstellen, d'Gemengemandater opzewäerten. D'Pirate wëllen d'Kombinatioun vu verschiddene politesche Posten iwwer d'Aarbechtszäit reegelen, seet den Deputéierte Marc Goergen. "40 Stonnen an der Woch soll de Politiker an der Woch schaffen a keng 60 oder 80 zesumme cumuléieren."

DP positionéiert sech nach net

D'DP wëllt am Moment nach keng Positioun bezeien. Et wéilt een oppen an d'Gespréicher eragoen, sou den DP-Fraktiounschef Eugène Berger. An der Partei géif sech dofir en Aarbechtsgrupp mam Thema beschäftegen.

"Wou mir als DP eis déi eng oder aner Iddi maachen a wou och vläicht klassesch Positioune vun der DP a Fro gestallt ginn, oder och net."

Wéi realistesch en eenzele Wahlbezierk an en Ofschafe vun den Duebelmandater ass, dierft sech am Laf vun der Woch weisen. D'CSV wëllt hir Positioun den Owend definéieren. An och déi Lénk an d'ADR wëllen sech zum Sujet äusseren.


De Panorama-Bäitrag vum Rick Mertens

Lauschterenplay_arrow