Radioen

On air

Notturno  |  Chick Corea - Windows

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi gréng: National Spëtzekandidatur fir d'Chamberwalen

Gemengewalen-Kongress

Déi gréng: National Spëtzekandidatur fir d'Chamberwalen

Déi gréng hunn decidéiert mat enger nationaler Spëtzekandidatin oder engem Spëtzekandidat an d'Chamberwale vum 8. Oktober ze goen. Déi deementspriechend Resolutioun ass um Samschdeg mat grousser Majoritéit um grénge Parteikongress zu Zolwer ugeholl ginn. An de Statute war déi Optioun bis elo net virgesinn. De grénge Vizepremier François Bausch hat am Januar proposéiert, datt d'Justizministesch Sam Tanson soll national Spëtzekandidatin ginn.

auto_stories

3 min

Gemengewalen-Kongress

Lauschterenplay_arrow


Ob d'Partei dee Virschlag zeréckbehält, soll an den nächste Méint op engem ausseruerdentleche Kongress decidéiert ginn.

Fir d'Gemengewale vum 11. Juni hunn déi gréng sech um Kongress och e Kader-Walprogramm ginn. Dëse soll de Lokalsektiounen als Inspiratioun an Orientéierung fir déi nächst 6 Joer déngen.

Mat Innovatiounsgeescht an d'Zukunft kucken

D'Co-Presidentin Djuna Bernard sot, hier Partei wéilt net defätistesch sinn, mee mat Innovatiounsgeescht an d'Zukunft kucken. Datt d'Partei an de leschte Politmonitore méi schlecht ofgeschnidden huet, wéi bei de Chamberwalen 2018, war um Kongress keen Theema. De François Bausch argumentéiert, datt si mat aneren Uspréch déi kommunal wéi och déi national Wale géife goen. Si géifen an der ieweschter Liga matspillen, sot de Vizepremier virun de ronn 200 Partei-Memberen. Fir hien ass et d'Zil:

"Fir d'Entscheedung net nëmmen an d'Regierung, mee och an engem Schäfferot eranzekommen, mee och Buergermeeschter, respektiv wann et ëm de Premier geet. Mir hunn, wann ech haut kucken, d'Kräfteverhältnis am Land, wou mir haut stinn als Gréng, da si mir op engem anere Level. A mir wäerte versichen d'Leit ze iwwerzeegen, datt mir déi richteg Léisungen hunn an déi richteg Leit hunn fir op ganz héijem Niveau mat ze decidéieren."

Oppositiounspolitik ass wichteg

Den Ament hunn déi gréng 77 Mandatairen uechter 38 Gemengen am Land, dovun dräi Buergermeeschter. Fir de Wee an d 'Majoritéiten ze fannen, hofft d'Djuna Bernard, déi selwer Spëtzekandidatin zu Mamer ass, bei de Gemengewalen am Juni. Si betount, datt tendenziell iwwerall do wou déi gréng untrieden ee Sëtz dobäi wéilte gewannen fir gestäerkt ze ginn.

D'Dunja Bernard ass der Iwwerzeegung, datt eng Oppositiounspolitik wichteg wier a gebraucht géif ginn. Dobäi kënnt, datt si ee Gestaltungsdrang hätten a gestalten géif een a Majoritéite maachen. Et kéint een net méi einfach nokucken wat ronderëm geschitt, fënnt d'Djuna Bernard. Vill méi misst ee soen: "Mir kënnen eppes veränneren".

"Mir kënne Solaranlagen opriichten, mir kënnen d 'Mobilitéit veränneren, mir kënnen de lokale Commerce ënnerstëtzen, mir kënnen op d'Bedürfnisser vun de Kanner, vun de Jonken agoen. A virun allem och d 'Biergerinnen an d 'Bierger mathuelen. Ech mengen dat ass och e ganze grousse Kärsujet vu Grénger Politik. D' Aart a Weis wéi mer nolauschteren, wéi mir d 'Bierger abauen."

Esou nach d'Co-Presidentin Djuna Bernard um Gemengewalen-Kongress. De Kaderprogramm vun der grénger Partei gouf iwwerdeems unanime vun den Delegéierten ugeholl.