Radioen

On air

Notturno  |  Cabane - Sangokaku

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Josée Lorsché: "Keen Zeenario fir definitiv Nofolleg vum Félix Braz"

Déi Greng

Josée Lorsché: "Keen Zeenario fir definitiv Nofolleg vum Félix Braz"

"Ech iwwerhuelen all Verantwortung, déi mir zougedroe gëtt", seet déi gréng Fraktiounscheffin Josée Lorsché. Si huet op d'Fro geäntwert, ob si bereet wier, vun der Chamber an d'Regierung ze wiesselen, wann hir Partei si bräicht.

auto_stories

3 min

D'Josée Lorsché seet awer och, datt déi gréng kee Plang ausgeschafft hätten, fir de Fall, datt de Vize-Premier a Justizminister Félix Braz definitiv an der Regierung misst ersat ginn, no sengem Häerzstëllstand den 22. August an der Belsch. Si hätt net gären, datt iwwer Gesondheetszoustänn spekuléiert gëtt, huet d'Presidentin vun der grénger Fraktioun ënnerstrach.

Et wier de Moment wichteg, datt d'Regierung voll funktiounsfäeg ass, an dat wier de Fall.

Verfassungsreform: Waarden op Positionéierung vun der CSV

D'Majoritéits-Parteien hätten nach ëmmer den Dialog mat der CSV gesicht, a Saache geplangten nei Verfassung, sou d'Josée Lorsché. Et wier awer och un der gréisster Oppositiounspartei zu hire Wieder ze stoen, huet déi gréng Fraktiounscheffin betount. D'Fro, ob déi dräi Majoritéitsparteie fir een Entgéintkomme bereet sinn, fir déi blockéiert Situatioun ze léisen, huet d'Josée Lorsché net kloer beäntwert.

Déi gréng Fraktiounscheffin huet annoncéiert, datt d'Majoritéitsparteien der CSV no der Vakanz wäerten nolauschteren.

"Mir hunn hinne gesot, an der leschter Institutiounekommissioun, mir géifen hinne Bedenkzäit ginn, si sollte sech nach eng Kéier räiflech iwwerleeën, ob se wierklech wëlle weiderkommen hei am Land, oder bei der Verfassung vun 1868 hänke bleiwen."

D'CSV hat Ufank Juli iwwerrascht, mat hirer Fuerderung no engem consultative Prozess an engem consultative Referendum mat präzise Froen zum Projet fir eng nei Verfassung.

Steierreform: Aarbechtsgruppe solle Projet ausschaffen

"Natierlech besteet meng Hoffnung doran, datt mir an zwee Joer doduerch sinn", sou d'Josée Lorsché iwwer d'Akraafttriede vun der geplangter nächster Steierreform. Mat Schwieregkeete rechent déi gréng Fraktiounscheffin virun allem bei der geplangter Individualiséierung vun der Akommes-Besteierung.

Fir d'Reform auszeschaffe gouf decidéiert, Aarbechtsgruppen ze grënnen, mat Vertrieder vun den dräi Majoritéitsfraktiounen. D'Zil wier eng Steierreform, déi de Bedierfnesser vun der Gesellschaft entsprécht, sou d'Josée Lorsché.

Grondsteier: déi gréng wëllen en Instrument géint d'Spekulatioun

Aus der Grondsteier soll e Steierungs-Instrument géint d'Spekulatioun ginn. Där Meenung wieren och déi gréng, esou d'Fraktiounscheffin Josée Lorsché.

"Jo, déi gréng si ganz kloer der Meenung, datt d'Grondsteier e wichtegt Instrument ka ginn. De Moment ass se vill ze niddereg ugesat. Si baséiert jo op enger Steier aus de 40er Joren, déi ni adaptéiert ginn ass. A mir si kloer der Meenung, datt se muss reforméiert ginn, datt se och als Instrument agesat gi fir géint d'Spekulatioun virzegoen."