Affär Traversini "déi gréng Partei ass an enger Kris"

Nom trageschen Dout vum Camille Gira, de gesondheetleche Problemer vum Félix Braz an der Demissioun vum Roberto Traversini sinn déi gréng "an enger Kris". Dat sollt een och net schéirieden, seet de François Bausch.

Françoise Keller / Claude Biver

François Bausch
De François Bausch ass Transport- a Verdeedegungsminister

De grénge Minister gëtt zou, datt sou eng Kris net spurlos un engem laanscht géif goen, mee "mir kommen aus där Kris eraus, ech sinn dovunner iwwerzeegt".

Déi gréng géifen elo kämpfen an intern diskutéieren, wéi déi gréng wéilte weider verfueren. "Déi Partei steet zesummen an déi Partei wäert et packen, aus deem Krisemoment erauszekommen."

Roberto Traversini "keng Optioun" fir an d'Regierung

No der Demissioun vum Roberto Traversini als Buergermeeschter vun Déifferdeng wier hie "keng Optioun fir an d'Regierung", seet de François Bausch. Wien allerdéngs an d'Regierung géif noréckelen, wollt de François Bausch net soen.

De Roberto Traversini hätt "e klore Schnëtt" mat der Gemeng gemaach, elo misst een ofwaarden, wéi d'Enquête vum Parquet géif ausgoen.

D'Gesetzer géife fir jiddweree gëllen, och fir Politiker. Et wier awer kee perfekt a jiddweree géif mol Feeler maachen, esou de François Bausch.

Bleift de Roberto Traversini an der Chamber?

Ob de Roberto Traversini säi Mandat an der Chamber géif behale wier "ganz sécher" eng prinzipiell Fro. "Et geet eis net drëm fir dat ze verniedlechen an ze soen, dat wiere just Bagatellen."

Hie géif awer net mengen, datt de Roberto Traversini déi gréng Fraktioun an der Chamber géif verloossen, sollt hien net zerécktrieden. An deem Fall hätt d'Regierung nämlech keng Majoritéit méi. "De Roberto Traversini ass absolut loyal par Rapport zu der Partei." De François Bauscht mécht sech do "null Suergen", an dat hätt "keng Bedeitung fir déi national Koalitioun".

Wéi reagéiert d'Partei?

Fir an Zukunft esou Situatiounen ze verhënnere missten déi gréng sech Prozeduren a Formatioune ginn. Et misst een eng kloer Trennung maachen tëschent sengem politeschen Amt an dem Privaten, esou de François Bausch.

De grénge Minister deelt d'Fuerderung no méi Transparenz vun déi Lénk. "Ech hunn dat a menger Carrière nach ëmmer gemaach." D'Interessekonflikter misst ee bekämpfen, mee "dat ass eng komplex Matière". Et misst een iwwer déi eenzel Mandater an och d'Duebelmandater diskutéieren.

Jonker opbauen

Nom trageschen Dout vum Camille Gira an no de gesondheetleche Problemer vum Félix Braz misst d'Partei elo weider Jonker opbauen, esou de François Bausch. Dat géif scho geschéien a mat der Carole Dieschbourg a mat der Sam Tanson hätt ee jonk Politikerinnen Ufank 40, déi an der Politik wieren. "Dat ass och eng generationell Fro". Mat der Djuna Bernard hätt ee souguer eng jonk Politikerin, déi mat 27 Joer "enorm vill Potential" hätt.

De François Bausch seet, hie wéisst nach net, ob hie mat an déi nächst Wahle géif goen. Hien hat schonn ugekënnegt, bei den nächste Wahlen net méi an eng Regierung ze goen.

An der Mediathéik:

Lauschteren

Méi zum Thema

De Roberto Traversini beim Gaardenhäisschen
Immobiliëskandal

De Parquet enquêtéiert géint de Roberto Traversini a géint Onbekannt, ënner anerem wéinst "Detournement de deniers publics". De Roberto Traversini hat de de Freideg de Moie seng Demissioun als Déifferdenger Buergermeeschter a Gemengerot ginn.

Roberto Traversini
Affär Traversini

De Roberto Traversini trëtt als Buergermeeschter vun Déifferdeng zeréck. Hien zitt domat Konsequenzen no den Uschëllegunge géint seng Persoun. Hien huet ë.a. zouginn, Gemengeservicer fir privat Zwecker mëssbraucht ze hunn.

Jean-Claude Franck Analys
Politesche Wocheréckbléck

D'Deeg vum Roberto Traversini als Déifferdenger Buergermeeschter schénge gezielt ze sinn. An de leschten Deeg huet hie vill Feeler missten agestoen. Fir 11 Auer huet hien eng Pressekonferenz aberuff.

Traversini Haus.JPG
Gaardenhäisschen

Nodeems de Roberto Traversini de Mëttwoch, op Drock vun der Oppositioun hin, Feeler zouginn huet, ginn et méiglecherweis nach weider Problemer fir den Déifferdenger Buergermeeschter. D'Michèle Sinner huet d'Geschicht opgeschafft.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen