Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  The Jesus And Mary Chain - Head On

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Presidentin vun déi gréng "oppe fir Diskussioun"

Steier op SUVen

Presidentin vun déi gréng "oppe fir Diskussioun"

Déi nei Co-Presidentin vun déi gréng, d'Djuna Bernard, weist sech oppe fir eng Diskussioun iwwer méi héich Stéiere fir Autoen, déi vill CO2 ausstoussen. Den LSAP-President Franz Fayot hat virun enger Woch eng Steierhausse fir esou Autoe proposéiert.

auto_stories

2 min

D'Djuna Bernard ass am Kär mat dëser Fuerderung averstanen a wéilt sech enger Diskussioun "absolut net" verschléissen. "Déi Diskussioun muss een natierlech um Regierungsniveau féieren. Am Moment gesinn ech näischt esou am Koalitiounsaccord. Dat heescht, déi Debatt musse mir nach eng Kéier intern féieren."

E frësche Bléck op d'Partei

D'Djuna Bernard ass zanter leschtem Weekend Co-Presidentin vun déi gréng. Si wëllt mat engem jonken, differenzéierten a frësche Bléck d'Partei analyséieren. Ënner anerem wëllt si Formatiounen a Mentoring fir nei Memberen aféieren, fir nei Memberen optimal an der Partei ze empfänken. "Fir hinnen d'Wäerter vun eiser Partei bäizebréngen, awer och fir hinne verschidde Formatiounsméiglechkeeten ze bidden, wéi ee Politik ka gestalten."

Donieft wëllt d'Djuna Bernard och Austauschplattforme mat de grénge Ministeren an Deputéiert an d'Liewe ruffen. "Dat sinn alles Mechanismen, wou mir eis elo erëm e bësse mussen drop besënnen", esou déi nei Co-Presidentin vun der Partei.

Inhaltlech Akzenter wéilt si um Ufank vun hirer Presidence awer nach net setzen, si géif dat zwar als Deputéiert maachen, mee als Parteipresidentin géif si dat de Moment manner maachen. Si wéilt sech do an éischter Linn um Opbaue vun den interne Strukture bedeelegen.

D'Djuna Bernard huet 26 Joer. Si gouf e Samschdeg un d'Parteispëtzt vun deene Grénge gewielt a sëtzt och fir déi gréng an der Chamber.