Radioen

On air

De Moien  |  Velvet Trip - Silly Boy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Déi gutt Aarbecht vun der CSL weiderféieren"

Chambre des salariés

"Déi gutt Aarbecht vun der CSL weiderféieren"

Nächsten Donneschdeg ass an der Chambre des salariés d'Constituante, da kommen déi Gewielten eng éischte Kéier no de Sozialwahlen zesummen. Den OGBL huet trotz Verloschter nach ëmmer déi absolut Majoritéit an der Aarbechterkammer. De 6. Juni gëtt de Büro gewielt. Dee soll dann de Successeur vum Jean-Claude Reding als CSL-President wielen.

auto_stories

2 min

D'Nora Back ass bis elo déi eenzeg Kandidatin fir de Poste vum CSL-President. Foto: Archiv

D'Nora Back, Generalsekretärin vum OGBL confirméiert, datt si déi eenzeg Kandidatin ass:

"Ech hat direkt no dem Wahlresultat bei de Sozialwahlen annoncéiert, datt ech meng Kandidatur fir d'Presidence vun der Chambre des salariés wäert stellen. Ech bleiwen do derbäi. De 6. Juni gëtt doriwwer decidéiert a bis elo läit keng aner Kandidatur vir. Sécher ass et eréischt deen Dag selwer vun der Constituante. Bis op Weideres sinn ech Kandidatin fir d'Wahl vun der Chambre des salariés."

Wéi eng Prioritéiten hutt Dir Iech gesat fir d'CSL-Presidence?

Mir sinn elo aktiv fir um Programm fir déi nächste Joren ze schaffen. Prioritär versichen ech elo eng Kontinuitéit ze liwwere fir déi gutt Aarbecht, déi d'Chambre des salariés déi leschte Joren och geliwwert huet. Dat heescht weiderschaffen op der Formatioun, op der Weiderbildung an der initialer Ausbildung. Do hu mir an der Chambre des salariés ee Superangebot a fir dat oprecht ze halen a vläicht esouguer nach ze erweideren an ze intensivéieren.

Gläichzäiteg versichen ech awer och dat bäizebehalen, wat d'Chambre des salariés wierklech gutt gemaach huet iwwer déi leschte Joren. Dat heescht déi ganz Konferenzzyklen zu deene wichtegen Themen, déi d'Aarbechtswelt betreffen an d'Famillen hei zu Lëtzebuerg. Ech denke mir wäerten, politesch gesinn, de Schwéierpunkt leeën op d'Ëmweltpolitik, d'Transition ecologique ëmmer am Sënn vum Mënsch mam Sozialen am Mëttelpunkt.

Mir wäerten och verschäerft op der Digitaliséierung vun der Aarbechtswelt schaffen, wat jo och am Trend vun der Zäit läit. Natierlech wäerte mir och weider op de Fraen-Männer Gläichheetsfroe schaffen. Ech mengen, dat läit op der Hand, wann ech un der Spëtzt vun der Chambre des salariés sollt sinn, datt dat mir um Häerz läit, an datt dat wichteg ass, datt mir do weider dru schaffen. Da gëtt et eng ganz Rei aner Sujeten, bei de Froe vun der Sécurité sociale a vum Aarbechtsrecht wäerte mir an der Chambre des salariés aktiv weiderschaffen.


De ganzen Interview mat der Nora Back:

Lauschterenplay_arrow