Radioen

On air

Klassik Live  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Déi hunn de Mond e bësse vill voll geholl"

Deconfinement

"Déi hunn de Mond e bësse vill voll geholl"

Um sanitäre Plang hätt d'Regierung richteg gehandelt, seet de Gast Gibéryen. Datt bei den éischten ekonomeschen Hëllefen improviséiert, a vläicht vereenzelt iwwer d'Zil erausgeschoss gi wär, misst ee kënnen entschëllegen.

auto_stories

2 min

Feeler wieren awer beim Deconfinement geschitt: et hätt een d'Reouverture vun de Caféen a Restauranten éischter missen decidéieren. Et hätt een déi kleng Geschäfter virun de grousse Baumäert sollen opmaache loossen.

Am meeschte kritiséiert de Gast Gibéryen awer, datt de Staats- an de Finanzminister am Ufank vun der Kris behaapt hätten, d'Staatsfinanze wiere gesond genuch fir déi grouss Efforten ze packen, an et géif keen op der Streck bleiwen:

"Et bleiwe ganz vill Leit op der Streck, do louch d'Regierung falsch, wéi se gesot huet: 'mir loosse keen hänken'. An d'Staatsfinanzen, déi wäerten och an den nächste Méint dramatesch ginn: och déi Ausso war falsch."

Äerdobservatiounssatellit: "Chamber kënnt hirer Responsabilitéit no"

Bis de Summer soll d'Regierung déi néideg Informatioune liwweren, opgrond vun deenen d'Chamber dann decidéiere kann, ob et Sënn mécht, de Projet vum Äerdobservatiounssatellit virunzeféieren oder net. Ganz erausklamme kéint ee souwisou net méi, seet den ADR-Deputéierte Gast Gibéryen.

Éischtens well scho méi wéi d'Hallschecht vum gestëmmte Budget ausgi gi wier, an zweetens well ee warscheinlech souwisou net aus dem 170-Milliounen-Euro Kontrakt erauskéim. Fakt wier, datt ee fir de Projet op en Enn ze bréngen, 180 zousätzlech Milliounen Euro drastieche misst, also 350 Milliounen am Ganzen.

De fréiere Verteidegungs-Minister hätt d'Parlament also belunn, wéi hien em e Gesetzesprojet virgeluecht hätt, an deem net dee komplette Käschtepunkt virgesi war, esou de Gast Gibéryen:

"Den Etienne Schneider ass net méi Minister, et ass och vläicht eng vun den Ursaachen, well dat dote komm ass, datt hien esou séier an d'Pensioun gaangen ass. Ech bedauere just, datt e Mënsch [...] esou vill Schued gemaach huet - et ass jo net just de Satellit, mir kéinten och nach iwwer de Fliger schwätzen, wou d'Depassementer nach vill méi grav sinn. Eng Chamber wäert do hirer Responsabilitéit nokommen. Mir kucken, wat hien elo ze soen huet. Hie muss awer net kommen, well et ass keng Enquêtëkommissioun, et ass eng normal Kommissioun. Mee d'Chamber ass ëmmer fräi, och nodréiglech eng Decisioun ze huele vis-à-vis vun engem Minister. A wann et nëmmen e Blâme ass."