Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Immy Owusu - What A Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Déi Leit schwätze keng Sprooch, déi ech schwätzen"

Flüchtlingen

"Déi Leit schwätze keng Sprooch, déi ech schwätzen"

Een iwwerfëllte Sall, eng opbruechte Stëmmung, onzefridde Bierger... Dat war d'Ambiance, e Méindeg den Owend zu Esch-Lalleng, op der Informatiounsversammlung iwwert déi nei Flüchtlingsstruktur zu Monnerech. D'Ministere Corinne Cahen an Dan Kersch stoungen de Bierger Ried an Äntwert. Virun allem déi heefeg Policepatrullen am Quartier ronderëm de Foyer an d'Moosnahmen, fir d'Asyldemandeuren z'integréieren, hu fir vill Froe gesuergt. Kritiséiert gouf e Manktem u Kommunikatioun vun de politesche Responsabelen.

auto_stories

4 min

D'Flüchtlingsstruktur zu Monnerech huet virun zwee Méint hier Dieren opgemaach. Hei géifen de Moment ronn 100 Männer an net begleete Mannerjäreger liewen, sot d'Familljen- an Integratiounsministesch Corinne Cahen. An de Gebaier vun der fréierer EDIFF kéinte bis zu 160 Leit ënnerkommen.

Den Encadrement am neie Flüchtlingsfoyer wier méi grouss wéi an anere Strukturen: sechs Betreier vun der Hëllefsorganisatioun Caritas a sechs Sécherheetsbeamte géifen hei schaffen. D'Zil wier et, d'Sécherheet souwuel vun den Asyldemandeure wéi vun den Awunner ze garantéieren.

Datt d'Regierung d'Bierger eréischt elo, zwee Méint no der Ouverture vun der Struktur, iwwert hire Fonctionnement an d'Bild gesat huet, ass op Kritik gestouss. Fir de Marco Kirsch, President vum Interesseveräin Lalleng, ass d'Informatiounsversammlung ze spéit komm. Eng Meenung, déi am Sall breet gedeelt gouf. Engem weidere Bierger aus dem Publikum no, géif virun allem de Manktem u Kommunikatioun vu Säite vun de politesche Responsabele fir Onzefriddenheet suergen.

Barrière vun der Sprooch

"Ech hunn et schonn e puer Mol probéiert, déi Leit schwätze keng Sprooch, déi ech schwätzen. An ech schwätzen der e puer, Madame", sot deeselwechten Awunner. D'Integratiounsministesch hat jo appelléiert, fir op d'Asyldemandeuren duerzegoen.

Fir d'Integratioun ze fërdere missten all d'Asyldemandeure vum September dëst Joer un obligatoresch Sproochecourse beleeën, huet d'Corinne Cahen geäntwert. Donieft soll och en obligatoresche Cours an der Civique vu 16 Stonne fir Demandeuren agefouert ginn. Dat war, dem Bierger no, awer keng konkret Léisung fir d'Sproochebarrière z'iwwerwannen.

Den Inneminister Dan Kersch huet deem widdersprach: "Nodeems mer eng ganz Rei Saache fräiwëlleg haten, komme mer elo an e Stadium wou mer soen: Dir musst dat maachen, wann der wëllt eng Chance hunn, de Statut bei eis ze kréien".

Och de Louis Cimolino, Vizepresident vun der Escher ADR-Sektioun, war bei der Informatiounsversammlung zu Lalleng dobäi. Wat d'obligatoresch Sproochecourse betrefft, stellt hie sech d'Fro... "Firwat ass dat net direkt gemaach ginn, wéi se alleguerten an d'Land komm sinn?" freet de Louis Cimolino, Vizepresident vun der Escher Sektioun vun der ADR.

"Dann hu mer en direkt mat zwou, wann net dräi Sprooche konfrontéiert"

D'Kommunikatioun mat de Flüchtlingen ass duerchaus méiglech, sot dogéint d'Brigitte Rousseau. D'Fra vu Monnerech huet iwwer d'Initiativ "Oppent Haus" ee jonke Flüchtling aus Afghanistan bei sech doheem opgeholl. Am Ufank hätte si sech mat Hänn a mat Féiss verstännegt.

D'Regierung géif, an hiren Aen, eng gutt Aarbecht an der Flüchtlingsfro leeschten. Dat géif awer net duer goen. D'Organisatioun vun de Sproochecourse wier net flexibel genuch. Des weidere "musse mer eis bewosst ginn: hie kënnt aus der arabescher Welt, wou hie vu riets no lénks geschriwwen huet. Hien huet emol missten eist Alphabet léieren. An dann hu mer en direkt mat zwou, wann net dräi Sprooche konfrontéiert."

D'Brigitte Rousseau huet op eegen Initiativ a mat der Hëllef vum nationalen Zenter fir Formation continue dem jonken Afghan 16 Stonnen d'Woch Franséisch organiséiert. No zwee an en hallwe Mount géif de Jong ufänken, sech "wierklech gutt" z'integréieren. "Hie geet och an e Jugendhaus, bei d'Lëtzebuerger, bei se alleguerten. Ech gesi kee Problem, muss ech éierlech soen."

Policepatrulle rondrëm de Foyer

D'Präsenz vun der Police ronderëm de Flüchtlingsfoyer war e weidere Sujet, deen de Bierger op der Informatiounsversammlung um Mo louch. De Weekend wier de Police-Helikopter beim Foyer am Asaz gewiescht. Dat hätt e konkrete Grond gehat, esou d'Corinne Cahen: "do war ee jonken Demandeur de protection internationale, dee sech selwer eppes wollt undoen. Mir hunn hei mat ganz vulnerabele Leit ze dinn."

D'Stëmmung am Sall op der Informatiouns-Versammlung huet sech berouegt. Ee Bierger hat d'Grënnung vun engem Comité proposéiert, eppes wat bei de politesche Responsabele positiv ukomm ass. Dëse Comité géif sech aus Awunner, Betreier a Vertrieder vun der Police an der Gemeng zesummesetzen. D'Bierger kéinten iwwert dee Gremium Äntwerten op hir Froen oder Reklamatioune kréien. "Eppes wat sécher sënnvoll ass", sot och d'Presidentin vu Caritas Lëtzebuerg, déi fréier CSV-Familljeministesch Marie-Josée Jacobs.

Ob dëse Comité wäert an d'Liewe geruff ginn, bleift ofzewaarden. D'Thematik vun de Flüchtlingen zu Monnerech dierft d'Bierger aus der Ëmgéigend weider beschäftegen. Dem Minister Kersch no géif des provisoresch Struktur zougemaach ginn, soubal déi um Quai am Escher Neiduerf geplangten Ariichtung hir Dieren opmécht.