Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  One World

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ déi Lénk: "Finanzhëllefe fir Betriber mussen u Konditioune gebonne ginn"

Corona-Kris

déi Lénk: "Finanzhëllefe fir Betriber mussen u Konditioune gebonne ginn"

Vill Betriber si schonn zanter Wochen op finanziell Ënnerstëtzung vum Staat ugewisen. Haut wëllt d'Regierung nach weider Mesurë presentéiere fir de Betriber ënner d'Äerm ze gräifen. Mee net jiddwereen ass dofir, datt d'Betriber bedéngungslos ënnerstëtzt ginn. De Marc Baum, Deputéierte vun déi Lénk, fuerdert, datt d'Regierung hir Hëllefen u Konditioune bënnt.

auto_stories

3 min

Et wier wärend der Corona-Kris dacks d'Diskussioun geféiert ginn, datt een d'Kris sollt notze fir d'Ekonomie ëmzekrämpele fir se méi nohalteg a méi sozial gerecht ze gestalten.

"Vun der Presentatioun vun deenen Aiden erwaarden ech mir genee déi doten Akzenter, well soss ass et just de Géisskan-Prinzip, dee mir kennen: mir wëlle just esou virumaachen, wéi mer dat bis elo gemaach hunn. An dat geet net!"

Virun e puer Deeg hätt een d'Statistik kritt, datt den CO2-Ausstouss zu Lëtzebuerg 2019 ëm 7,5 Prozent méi héich ginn ass par Rapport zum Virjoer. "Domat si mer en eenzegaartege Spëtzereider an Europa an dat kann net esou weidergoen, well mer all eis Klimaziler domadder verfeelen."

De Marc Baum ka sech virstellen, datt d'Konditioune fir Betriber änlech wéi an anere Länner sinn. Als Beispill nennt hien d'Staatsgarantië fir Bankprêten: an Éisträich wier dat u sozial Konditioune gebonnen. Déi Banken, déi vun deene Garantië profitéiere kënnen, dierfen net esou ëmstrukturéiert ginn, datt Leit entlooss ginn.

"Dat si kloer Konditiounen, déi eng sozial-ekonomesch Dimensioun hunn. An ech mengen, et sollt een änlech Konditioune setzen, wat déi ekologesch Transitioun ugeet, wat d'Energie-Effizienz ugeet, fir datt d'Ëmkrämpele vun der Ekonomie a vun Ekonomie-Secteure geléngt, hin op eng méi nohalteg Ekonomie, déi dozou bäidréit, d'Mënschheet ze erhalen. Dat ass eng vun deene grousse Mënschheetsfroen."

Reegelen nom État de crise

déi Lénk begréissen, datt d'Regierung elo mat zwee verschiddene Gesetzer wollt festhalen, wéi eng sanitär Reegelen nom État de crise fir Betriber a Privatpersoune gëllen. De Marc Baum mengt dës Solutioun wier "dee richtege Wee". Dat, wat d'Deputéiert virgestallt kruten, géif virgesinn, datt een an den Normalzoustand géif komme mat bestëmmten Aschränkungen, déi iwwer e Gesetz definéiert ginn.

Nach ass awer net kloer, wat genee an déi zwee Gesetzer soll stoe kommen. Dozou sollen et e Méindeg méi Detailer ginn. Eréischt da kéinten déi Lénk sech festleeën, ob si d'Gesetzer matstëmmen, esou nach de Marc Baum.

Kritik um Fernand Etgen

Et misst ee sech d'Fro stellen, ob de Chamberpresident Fernand Etgen senger representativer Funktioun gerecht gëtt, an ob hien d'Rechter vun der Oppositioun genuch berücksichtegt, seet de Marc Baum. Den Deputéierte vun déi Lénk huet awer betount, vu senger Partei géif et keng Demande gi fir de Fernand Etgen op sengem Posten ze ersetzen.

Et misst ee sech Gedanke maachen, wei een och an der Kris ka garantéieren, datt d'Rechter vun der Oppositioun respektéiert ginn. Dat wier méi sënnvoll, wéi eng Debatt ëm eng Persoun ze féieren, esou de Marc Baum.

D'CSV hat dem Chamberpresident gëschter "Inkompetenz" virgeheit, nodeems hien eng parlamentaresch Fro net zougelooss hat.