Radioen

On air

Tockcity  |  Elbow - The Picture

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi Lénk kritiséieren d'Loyersgesetz

Neijooschpatt vun déi Lénk

Déi Lénk kritiséieren d'Loyersgesetz

Déi sozial Ongerechtegkeeten an d'Klimakris waren d'Haaptsujete gëschter Owend um Neijooschpatt vun déi Lénk. D'Oppositiounspartei reprochéiert der Regierung "politique politicienne" a Walkampf um Réck vun de Leit ze maachen, amplaz Verantwortung z'iwerhuelen.

auto_stories

1 min

Kritik gouf et ënnert anerem un der ëmstriddener Reform vum Mietgesetz. Duerch dat neit Loyersgesetz vum grénge Logementsminister Henri Kox kréichen d'Propriétairen et nach méi einfach gemaach fir skandaléis héich Loyeren ze froen, esou d'Co-Porte-parole vun déi Lénk, Carole Thoma gëschter Owend am Centre Culturel zu Bouneweg.

"De Plafong vum maximale Loyer gëtt vu 5% op 3,5% vum Capital investi erofgesat. Tip top! Ma opgepasst: Am selwechte Moment gëtt ganz nei definéiert wat de Capital investi iwwerhaapt ass."

Dat wäert "absurderweis" an Zukunft näischt méi mam reell-investéierte Kapital ze dinn hunn, ma un d'Evolutioun vum Logementsmarché ugepasst ginn.

"Wat ass dat da fir eng Brems, wann d'Limitt all Joer monter no uewen adaptéiert ka ginn?"

De Gesetzesprojet wier kontraproduktiv wann d'Zil sollt sinn d'Locatairen ze schützen an d 'Loyeren ze limitéieren, esou nach d'Carole Thoma vun déi Lénk.