Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Immy Owusu - What A Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi meescht Parteie weise sech zefridden

Europawahlen 2019

Déi meescht Parteie weise sech zefridden

D'CSV verléiert bei den Europawahlen ee Sëtz un d'Demokratesch Partei, déi och stäerkste Partei ginn ass. Trotzdem gesäit d'CSV hire Sëtzverloscht éischter als Ufank vun engem Erneierungsprozess a weist sech net total onzefridde mam Wahlresultat.

auto_stories

5 min

Lëtzebuerg schéckt sechs Europadeputéiert op Bréissel. Foto: Bigstock / david martyn

Et kënnt an der Politik net esou dacks vir, datt eng Partei 16 Prozentpunkte verléiert an duerno seet: "Mir si mat deem do Resultat ganz zefridden". Genee dat huet d'CSV bei der Europawahl gëschter awer hikrut. Minus 16 Prozentpunkten, ee Sëtz verluer, net méi stäerkste Partei - u sech hätt d'CSV all Grond fir onzefridden ze sinn.

CSV: Renouveau vun der Partei huet ugefaangen

De Spëtzekandidat Christophe Hansen, dee mat den zweetmeeschte Stëmmen um nationale Plang e ganz respektabelt individuellt Resultat gemaach huet, huet gëschter awer éischter niichter Erklärunge virgedroen:

"Mir hunn déi jéngste Lëscht an d'Wahle geschéckt, déi eng CSV jee an eng national oder europäesch Wahl geschéckt huet, mir hunn och keng Economie circulaire gemaach vu Memberen, déi eréischt hiren Eed am Dezember geschwuer hu fir an d'nationaalt Parlament ze goen."

D'Isabelle Wiseler-Lima ass fir d'éischt an d'Europaparlament gewielt ginn

An wéi déi zweetgewielten - an domat néi Europadeputéiert - Isabelle Wiseler-Lima weider präziséiert huet, kéint d'CSV et jo och net richteg maachen. Ëmmer géif de Renouveau vun der Partei gefuerdert ginn, a wann een et mécht, wier et och net gutt.

"Wat hätte mir da gesot kritt, wann d'Viviane Reding nach hätt wëlle matgoen, an et wier da matgaangen? Da wier d'Kritik op d'mannst genee esou staark gewiescht."

Dat Argument kann een ubréngen.

DP: Charles Goerens als Zuchpäerd

Hiert staarkt Resultat huet d'DP un éischter Linn dem Charles Goerens ze verdanken. Mat iwwer 97.000 Stëmmen huet de laangjäregen Europadeputéierte 35.000 Stëmme méi wéi den Zweetgewielte krut - e gudden Deel vum Plus vu 6,7 Prozentpunkte vun de Stëmme bei der DP.

ADR: Zefridde mam Resultat

Datt dëst Joer vill grouss Nimm net op de Leschte waren, mécht och de Gast Gibéryen vun der ADR fir säi gutt perséinlecht Resultat verantwortlech - och wann et bei der ADR, trotz iwwer zéng Prozent, net fir e Sëtz duergaangen ass.

D'ADR krut trotz iwwer 10 Prozent kee Sëtz am Europaparlament, de Gast Gibéryen ass trotzdem zefridden

"Ech géif mengen, datt ech och dovunner profitéiert hunn, wouvun de Charles Goerens profitéiert huet: datt net méi esou vill Spëtzekandidaten do waren."

déi gréng: Ganz no un der CSV

Hire Sëtz gehalen hunn iwwerdeems déi gréng, a si hu souguer bal véier Prozentpunkten dobäi gewonnen. D'Spëtzekandidatin a Beschtgewielten Tilly Metz war domadder méi wéi zefridden. Bei de Gréngen schéngt keen engem verpassten zweete Sëtz hannendrun ze traueren.

"En zweete Sëtz wier sécherlech genial gewiescht, mee ech muss soen, datt hei ass eng genial Victoire, mir hu quasi véier Prozentpunkten dobäi gewonnen, a wann d'CSV ee Prozentpunkt manner gehat hätt a mir ee Prozentpunkt méi, dann hätte mir esouguer méi wéi d'CSV gehat."

LSAP: Gëtt den Nicolas Schmit Kommissär?

Mee während déi eng Parteien zefridden oder op d'mannst net allze onzefridde waren, war d'Stëmmung bei der LSAP e bësse méi ugespaant. Virun allem de gewielten Nicolas Schmit wëllt jo u sech guer net an d'Europaparlament - hien hofft op de Poste vum lëtzebuergeschen EU-Kommissär.

Den Nicolas Schmit am Gespréich mam Serge Kesseler

Datt Lëtzebuerg eventuell eng weiblech Kommissärin kéint missten op Bréissel schécken, dovu wëllt den Nicolas Schmit awer net vill wëssen:

"Et muss herno an der Kommissioun e Genderbalance ginn. Datt ee Land elo gezwonge gëtt eleng musse fir déi Genderbalance ze suergen, sou kann et jo net sinn. Mir hunn iwwregens an der Vergaangenheet fir d'Genderbalance gesuergt, mir haten an dräi Kommissiounen dräimol eng Fra. Heiansdo muss et nach méiglech sinn ee Mann ze nennen."

De Serge Kesseler am Gespréich mam Xavier Bettel

Well d'Thema vum Nicolas Schmit als EU-Kommissär scho beschäftegt, éier iwwerhaapt e Kommissiounspresident gewielt ass, huet de Serge Kesseler de Premier Xavier Bettel gëschter gefrot, ob den Nicolas Schmit sécher Kommissär gëtt.

"Nee, net béis gemengt, datt ech elo eppes anescht wéilt, mee et ass de President vun der Kommissioun, deen d'Profil ausschafft, an et ass d'Regierung, déi dann d'Propositioune mécht."

déi Lénk: Kee gutt Resultat

Bleiwen nach déi aner Parteien, déi gëschter kee Sëtz konnten huelen. déi Lénk sinn ënnert d'Fënnef-Prozentgrenz gefall.

Den David Wagner ass net zefridde mam Resultat vun déi Lénk

Den David Wagner war, am Géigesaz zur CSV, mat de Minuspunkten net zefridden.

Piraten: Marc Goergen soll Coordinateur bleiwen

Ganz de Géigendeel dozou war et bei de Piraten. No engem Plus vun 3,5 Prozentpunkte koumen si op 7,7 Prozent - wat zwar och net fir e Sëtz duergaangen ass, mee awer dem Marc Goergen um Poste vum Coordinateur kéint halen. Wéi de beschtgewielte Pirat Daniel Frères sot:

"Mir wëllen, datt hie bleift. Et ass keen do, deen dat besser mécht wéi dat, wat hie gemaach huet a wéi hien et gemaacht huet. Net no deem Resultat, wat mir hunn."

De grousse Verloscht vun der CSV huet dozou geféiert, datt - mat Ausnahm vu KPL a Lénk - all déi aner Parteien zougeluecht hunn. Kee Wonner also, datt gëschter Owend kee sou wierklech onzefridde war.