Radioen

On air

Resonanzen  |  Wolfgang Amadeus Mozart - Sinfonie Nr. 40 a Sol Mineur, K. 550, III. Menuetto. Allegretto - Trio - Berliner Philharmoniker, Simon Rattle (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi nei Fuerschungsprioritéite vum FNR

Fräie Mikro

Déi nei Fuerschungsprioritéite vum FNR

D'Recommandatiounen un d'Regierung, wat fir Theme sollte prioritär erfuerscht gi stellen déi akademesch Fräiheet a Fro, wa just nach een Institut soll ënnerstëtzt ginn, mengt de Michel Pauly, Senior-Professer fir transnational Lëtzebuerger Geschicht op der Uni Lëtzebuerg.

auto_stories

4 min

De Michel Pauly ass Historiker a Professor op der Uni Lëtzebuerg. Foto: Archiv

Viru Kuerzem huet de Fonds national de la Recherche, den FNR, seng Propositioune publizéiert, wat en der Regierung recommandéiert als national Prioritéiten an der wëssenschaftlecher Recherche ze deklaréieren. Well den FNR sech nach ëmmer net un d'Lëtzebuerger Sproochegesetz hält, dat fir offiziell Dokumenter just Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch virgesäit, ass och dës Brochure nëmmen op Englesch geschriwwen mam Titel "Revision of the national priorities for public research".

Eng Fuerschungsprioritéit fir d'Geeschteswëssenschaften

Nodeems an de leschte Jore Projeten an de Geeschteswëssenschaften ëmmer manner heefeg vum FNR finanziell ënnerstëtzt goufen, dierfe sech d'Fuerscher aus Disziplinne wéi Literatur, Sproochen, Geschicht, Politikwëssenschaft, Philosophie asw. freeën: et ass nees eng eege Fuerschungsprioritéit mam Titel "Cultural identities and nationhood in multicultural society" virgesinn. Déi ass ënnerdeelt an:

  1. Kulturell Identitéit a Natioun,
  2. Immigratioun an Integratioun,
  3. Zäitgeschicht, Erënnerung a 'public history',
  4. Digital Humanwëssenschaften an nei Methode fir 'big data' ze verschaffen.

Zäitgeschicht gëtt prioritär gefërdert - wisou eigentlech?

Wann hei rieds ass vun Immigratioun, da weisen d'Auteure vun deene Recommandatioune schonn, datt si net um aktuelle Stand vun der Wëssenschaft sinn, well haut schwätzt een net méi vun Immigratiounsstudie, mee vu Migratiounsstudien, 'migration studies' fir et am FNR-englesch ze soen, well Migratioune ginn net nëmmen an eng Richtung a féieren net nëmmen zur Néierloossung an engem Gaaschtland, mee sinn e permanent Hin an Hier vu Migranten, och zu Lëtzebuerg. 2017 an 2018 sinn zum Beispill jeeweils 24.500 Leit op Lëtzebuerg komm an hunn der jeeweils 14.000 d'Land verlooss.

An natierlech stellt ee sech och d'Fro, firwat nëmmen Zäitgeschicht soll prioritär gefërdert ginn an net d'Fuerschung iwwer aner historesch Epochen, wou dach grad d'16.-18. Joerhonnert d'Stéifkand vun der Lëtzebuerger Fuerschung sinn, well se zanter dem 19. Joerhonnert als Zäit vun der Friemherrschaft ofgewäert gi sinn.

Wou bleift déi akademesch Fräiheet?

Méi grave schéngt mir eng aner Ausso an deene Recommandatiounen un d'Regierung: Wa vun Zäitgeschicht, Memories studies a Public History rieds ass, heescht et um Schluss vum Abschnitt: "The focus should be on contemporary history around the recently created Luxembourg centre for contemporary and digital history (C2DH)." Wann ech deen englesche Saz richteg verstinn, heescht dat, datt nëmme Recherchen ënnerstëtzt ginn, déi mam C2DH zesummeschaffen. Wou bleift dann do déi akademesch Fräiheet?

A wat 'digital humanities' ubelaangt, kënnt et nach méi krass. Nodeems am éischte Saz ganz zu Recht festgestallt gëtt, datt zanter ronn 20 Joer 'digital humanities' dee Begrëff ass, deen d'Zesummenaarbecht tëschent de Kulturwëssenschaften an der Computerwëssenschaft bezeechent, an datt hautdesdaags Fuerschung an de Geeschteswëssenschaften ouni digital Approche net méi méiglech ass, gëtt am leschten Absatz gesot, den C2DH hätt an deem Beräich eng international Reputatioun erreecht an dofir misst elo deem seng Infrastruktur weider ausgebaut ginn.

Mee déi aner Instituter op der Uni hu scho vill méi laang eng exzellent international Renommee, och si schaffe mat digitale Methoden, och si sinn am Beräich Public History ënnerwee, och si hu scho virun zéng Joer Bicher publizéiert iwwer Erënnerungskulturen zu Lëtzebuerg. Och d'Sproochfuerschung schafft mat Computerlinguistics, och an der Literaturwëssenschaft gëtt mat Lexikometrie geschafft. Mee dem Wuertlaut vun den FNR-Virschléi no dierfte si net am Beräich "digital humanities" Projeten erareechen.

Ech hu gemengt, den FNR sollt prioritär Themeberäicher definéieren, an deenen am Déngscht vun der Lëtzebuerger Gesellschaft sollt prioritär gefuerscht ginn. Ech froe mech dofir, mat wat fir engem Recht den FNR der Regierung ka recommandéieren, d'Fuerschungssuen just enger Institutioun zouzeschousteren, obschonn d'Geschichtsinstitut, d'Institut fir Lëtzebuerger Sprooch a Literatur, d'Instituter fir däitsch-, franséisch- an engleschsproocheg Literatur, d'Instituter fir Philosophie a Politikwëssenschaft ganz kloer grouss Meritten a Kompetenzen hunn am Beräich kulturell Identitéit, Natiounsbildung a multikulturell Gesellschaft, déi zu Lëtzebuerg en exzellent Fuerschungsfeld hierginn, mat deem se international Opmierksamkeet kritt hunn, laang éier et den C2DH iwwerhaapt gouf.


Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.