arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi reell Beneficiairë vu Gesellschaften

Handelsregëster

|
reading time

4 min

Déi reell Beneficiairë vu Gesellschaften

Déi reell Beneficiairë vu Gesellschaften, ASBLen an anere Strukture kënne geschwënn ëffentlech consultéiert ginn. Dee neie Régistre des bénéficiaires effectifs soll vun e Sonndeg, 1. September un, ëffentlech accessibel sinn. Bis e Samschdeg, 31. August, hunn d'Gesellschaften nach Zäit, Detailer iwwer hir reell Beneficiairen an deen neie Regëster anzedroen. Eng ganz Partie hunn dat awer nach net gemaach.

reading time

4 min

Déi 130.000 Gesellschaften an Entitéite musse bis den 31. August ënner anerem d'Nimm, Nationalitéit, Adress an d'Interête vun hire reelle Beneficiairen am Handelsregëster uginn. Dat soll fir méi Transparenz suergen an ass Deel vun neien EU-Direktive géint Blanchiment an d'Finanzéierung vun Terrorismus.

Eng Woch virum Delai hate sech awer eréischt 50.000 Entitéiten agedroen, seet den Daniel Ruppert, Conseiller am Justizministère a President vum Conseil de Gerance vum LBR, dem Gestionnaire vum neie Regëster. Dat sinn 38 Prozent vun all de Gesellschaften, dorënner 14.000 Sociétés anonymen, 27.800 SARLen a 1.600 ASBLen. E groussen Deel vun den ASBLen, déi am Handelsregëster agedroe sinn, sinn awer net méi aktiv, präziséiert den Daniel Ruppert. Fir den neie Regëster vun de reelle Beneficiairen ze geréieren, gouf beim LBR am August d'Personal ëm zéng Leit verstäerkt.

Fir ASBLen ass et ee méi schwéieren Exercice

Fir verschidden ASBLen ass dësen neie Regëster awer ëmständlech. De Paul Braquet vun der ASBL Amis de l'Orgue St. Martin Dudelange ass e esouguer "eng Schikan", well e fir Amateursveräiner, dee mat Benevoller fonctionnéiert, "relativ opwäneg" wier.

D'Preparative wieren awer gemaach an d'Donnéeë vun de Bénéficiaires effectifs gesammelt. Elo misst just nach d'Saisie am Regëster um Internetsite vum LBR gemaach ginn. Do gëtt et, fir ASBLen, en Demonstratiounsvideo. "Dee schéngt mir jo relativ easy ze sinn", seet de Paul Braquet.

Fir de Christian Gillen vun der klenger Asbl Melting Pot war et kee gréissere Problem, sech an de Regëster anzedroen. "Wou ech bis gesinn hat, wéi et geet, war dat eng Saach vun enger Véierelsstonn." De Paul Braquet mengt awer, et wier net fir jiddweree sou einfach. Verschidde Leit kéinten technesch Hëllef vun anere Leit brauchen.

Demande bei Affekoten ass grouss

Expert an der Matière ass ënner anerem d'Affekoten Etüd Elvinger Hoss Prussen, wou de Pit Reckinger Partner ass. D'Demande wier bei hinne "ganz grouss", seet hien. Virun allem hätte si vill Clienten aus dem Ausland, "virun allem aus Länner, wou déi Informatiounen, déi elo hei public gemaach ginn, net public sinn, a wou d'Leit sech haaptsächlech vill Suerge maachen iwwer hir Privatsphär", erzielt hien.

Et géif awer och vill Clienten aus Lëtzebuerg, well et heiansdo ganz komplizéiert wier fir erauszefannen, wien de Bénéficiaire effectif ass. Fir d'éischt gëtt emol gekuckt, wien an der Gesellschaft méi wéi 25 Prozent vun de Parten huet.

Méi komplizéiert gëtt et bei Fäll, wou ee manner wéi 25 Prozent huet, mee awer vläicht eng Gesellschaft kontrolléiert a vill Associéen do sinn, déi ënnerteneen e Pacte d'associés ofgeschloss hunn. "Da kënne si zesummen als Bénéficiaire effectif consideréiert ginn", seet de Pit Reckinger.

Privatsphär als Limitatioun

Am Gesetz sinn eng Partie Ausname virgesinn. Eng Demande ka gemaach gi fir Accès zu den Detailer iwwer d'Bénéciaires effectifs ze limitéieren, sou datt net fir de Grand Public, mee nëmme fir d'Autoritéiten accessibel sinn. Dës Limitatioun huet den Zweck fir d'Bénéficiaires effectifs ze schützen, wann si, duerch d'Publikatioun vun hire Detailer, zum Beispill géife riskéieren, entféiert ze ginn.

Wéi vill där Demandë fir e limitéierten Accès gemaach goufen, kéint een den Ament net soen, sou de President vu Luxembourg Business Registers Daniel Ruppert. Dës Demandë géifen den Ament nach traitéiert ginn.

Den Delai fir sech an dee neie Regëster anzedroe leeft e Samschdeg, 31. August of. Duerno si fir déi, déi et net oder falsch gemaach hunn, Strofen tëschent 1.250 Euro an enger 1.250.000 Euro méiglech. Et wier awer net esou, datt déi Strofen direkt géifen applizéiert ginn, sou nach de Daniel Ruppert. Et kéint ee sech nämlech och nach ëmmer androen, "och wann een dann e bësse Retard huet".