D'Motiver vum Attentäter zu Las Vegas si weider onkloer. Obwuel de sougenannten Islamesche Staat d'Dot fir sech revendiquéiert, gesäit den FBI kee Lien mat engem terroristesche Grupp.
De 64 Joer ale Mann war immens gutt organiséiert. Hien hat vill Munitioun am Hotelszëmmer um 32. Stack. A souguer Stativer, fir kënne wéi ee Sniper souvill Leit wéi méiglech um Festival ëmzebréngen.
Op d'mannst 59 Persoune si gestuerwen. Iwwer 500 Mënsche si verletzt ginn. Et ass déi schlëmmst Schéisserei an der moderner Geschicht vun den USA.
Debatt iwwer Waffegesetz
Déi impressionnant Quantitéit u Waffen, déi den Täter besëtzt huet, relancéiert den Debat iwwert eng méiglech Verschäerfung vun den amerikanesche Waffegesetzer. D'Demokrate fuerderen Ännerungen. D'Wäisst Haus wëllt dësen Debat allerdéngs net. D'Republikaner, déi d'Kontroll am Representantenhaus an am Senat hätten, wëllen net iwwert Waffegesetzer schwätzen.
De Barack Obama huet no all Schéisserei d'Waffegesetzer ugeschwat. Den Donald Trump huet dat net thematiséiert. Seng Pressespriecherin seet, et wier net de Moment fir iwwer Waffegesetzer ze schwätzen. Fir d'éischt sollt een un déi Verstuerwen denken. Eng typesch republikanesch Reaktioun. Grad elo misst iwwer Waffegesetzer geschwat ginn, no där schlëmmster Schéisserei an der Geschicht vun den USA, fuerderen dogéint d'Demokraten.
D'USA kënnt an dëser Fro politesch net weider. A mat engem republikanesche President an engem republikanesche Kongress ass en Ëmdenke bei de Waffegesetzer onwahrscheinlech. Besonnesch am Staat Nevada ass ganz einfach eng Waff ze kafen.