Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Sam Evian - Freezee Pops

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi serbesch Communautéit zu Lëtzebuerg

Cercle culturel serbe

Déi serbesch Communautéit zu Lëtzebuerg

Zu Lëtzebuerg liewe bis zu 7.000 Serben. Et ass eng oppe Communautéit, déi vill Relatioune mat de Bierger aus Ex-Jugoslawien huet. De Cercle culturel serbe huet de Méindeg déi serbesch Premier Ministesch Ana Brnabic empfaangen, déi impressionnéiert war iwwer dat gutt Zesummeliewen tëschent de Communautéiten hei zu Lëtzebuerg.

auto_stories

1 min

Lëtzebuerg zielt 2.100 Awunner mat der serbescher Nationalitéit. Dobäi kommen all déi Bierger déi déi duebel Nationalitéit hunn. Zesummegerechent kënnt een op ee Chiffer vu bis zu 7.000 Leit, déi serbesch Originnen hunn. Eleng an der Stad Lëtzebuerg ginn et 370 Awunner mat engem serbesche Pass.

Während hirer Visite huet d'Premier Ministesch Ana Brnabic d'Membere vum Lëtzebuerger Cercle culturel serbe getraff. Si huet déi multikulturell Dimensioun vu Lëtzebuerg ervirgestrach. An enger EU, déi an d'Turbulenze geroden ass, kéint Lëtzebuerg dowéinst eng wichteg Roll spillen, sot si.

Zanter 20 Joer existéiert de Cercle culturel serbe, dee vun der Stad Lëtzebuerg zu Beggen ee Gebai zur Verfügung krut, wou exklusiv kulturell Aktivitéiten organiséiert ginn. Relioun oder Politik spillen do keng Roll.

Viru fënnef Joer gouf et a Serbie schro Iwwerschwemmungen, deemools hat d'Communautéit hei zu Lëtzebuerg sech staark agesat, dat hätt och dat associatiivt Liewen dynamiséiert. Mëttlerweil ginn et Course fir ronn 25 serbesch Kanner, sou de President vum serbesche Kutlurveräin, de Marko Katanic.