Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Asgeir - King And The Cross

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi verschidde Säite vun der Europäescher Solidaritéit

EU-IMPFSTRATEGIE

Déi verschidde Säite vun der Europäescher Solidaritéit

Besonnesch elo, wou den Impfstoff knapps ass, ass d'EU-Kommissioun an d'Kritik geroden. De Grand-Duché steet hanner der EU-Strategie, sou d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert op enger Online-Konferenz, wou et och Kritik un der Lëtzebuerger Approche gouf.

auto_stories

4 min

Et hätt een d'Problemer ënnerschat, déi an der Produktioun vum Impfstoff optriede kënnen, huet d'Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen en Freideg an engem Interview mat verschiddenen Zeitungen zouginn.

Et ass déi éischte Kéier, datt vun där Säit esou Téin ugeschloe ginn. D'EU huet beim Akaf vun den Impfstoffer alles richteg gemaach, dat ass normalerweis d'Linn vun der Europäescher Kommissioun. Hir Vertriederin Sandra Gallina, eng Haaptfigur an de Verhandlunge mat den Impfstoffhiersteller, huet gëschter déi Linn vertrueden op engem Webinar, op deen d'Lëtzebuerger Büroe vum Europaparlament a vun der Kommissioun invitéiert haten.

D'Memberlänner an net d'Kommissioun waren de Patron, wéi mat BioNTech, AstraZeneca a Co verhandelt gouf, sou d'Italienerin.

"C'est un portefueille qui a été négocié par les États Membres pour les États Membres."

All Schratt wier an engem "steering group", an deem d'Memberlänner vertruede sinn, duerchgeholl ginn.

Réckendeckung aus Lëtzebuerg

D'EU - oder besser gesot d'Europäesch Kommissioun - gëtt den Ament och vu villen europäeschen Haaptstied kritiséiert. Aus Lëtzebuerg kritt si Réckendeckung. D'Gesondheetsministerin Paulette Lenert brécht eng Lanz fir de gemeinsamem europäeschen Akaf vun Impfstoffer.

"D'EU huet hei en bon père de famille gehandelt, fir ee breede Pak vun Impfstoffer ze kafen. Als klengen EU-Member hate mer all Interêt, zesummen anzekafen, wien eleng hätt da kënnen esou ee Risiko huelen?"

Mee mat der Solidaritéit an der EU ass dat esou eng Saach, si kënnt heiansdo un d'Wackelen, dorop mécht de Virolog vun der Universitéit München Michel Pletschette an dëser Ronn opmierksam.

Net nëmmen huet ënner anerem Däitschland extra Impfstoff fir sech akaaft, elo wier d'Land och am gaange sech gréisser Quantitéite vum Medikament Regn-Cov2 géint de Covid ze sécheren. Dat obwuel gewosst ass, datt d'Kommissioun am gaangen ass ze verhandelen, fir dat Medikament fir d'ganz EU anzekafen.

EU läit am Mëttelfeld

Fir den däitschen Europadeputéierten a Medezinner Peter Liese soll een elo amplaz sech géigesäiteg d'Schold ze ginn no vir kucken, an op d'Realitéit. A Wierklechkeet léich d'EU, wat den den Taux vu geimpfte Leit ugeet, am weltwäite Verglach am Mëttelfeld, esou den CDU-Politiker.

Et misst een dat an d'Verhältnis setzen. A Kanada zum Beispill wiere bis elo vill manner Leit wéi a villen EU-Länner geimpft. D'Land hätt awer vill méi Impfstoff wéi d'EU akaaft.

D'Solidaritéit an Europa geet och iwwer de Wee vun de Lockdown-Mesuren. Op d'mannst gesinn dat eis Nopeschlänner esou. Do gouf et Kritik un ze labbere Mesuren zu Lëtzebuerg.

D'Paulette Lenert kontert d'éischt emol mat engem scho gutt bekannten Argument. "Lëtzebuerg test dräi bis véier mol méi, an da fënnt ee forcement och méi positiv Fäll".

Si wier keng Frëndin dovu just op den Taux d'incidence ze kucken. Aner Facteure wéi d'Hospitalisatioune wieren do och ganz wichteg.

Peter Liese schockéiert iwwer Lëtzebuerger Approche

Déi Argumentatioun kënnt beim Peter Liese net gutt un. Hie weist sech schockéiert iwwer déi Argumentatioun.

"Ich muss sagen, dass mich das schockiert. Die Zahl der Intensivbetten sagt nur darüber etwas aus, was vor drei Wochen passiert ist. Wenn Menschen auf der Intensivstation liegen ist es zu spät, dann sind sie krank. Wenn wir vermeiden wollen, dass sie krank werden, mussen wir unsere Maßnahmen an einer Messlatte messen, wo wir früher erkennen, wenn etwas falsch läuft."

De Peter Liese huet mat de Parteikolleege Frank Engel an mam saarlännesche Ministerpresident Tobias Hans telefonéiert, a fënnt wéi si déi Lëtzebuerger Zuele vill ze héich, fir de Lockdown ze labberen.

"Zero-Lockdown" als eenzegen Auswee?

Fir de Virolog Michel Pletschette ass dat iwwerdeems europawäit de Fall. Hie schwätzt sech fir ee "Zero-Lockdown-Strategie" aus, wéi en elo an Australien an Neiséiland praktizéiert gouf.

"Esou eppes musse mer ob de Wee bréngen, well dat wierkt synergistesch mat der massiver Impfcampagne, déi iergendwann wäerten an der Lag sinn, unzefänken."

Apropos Solidaritéit. Do gesäit d'EU als Ganzt net gutt aus, dat fënnt allzäit déi Gréng Tilly Metz. D'Europadeputéiert reegt sech driwwer ob, datt d'Kommissioun nach ëmmer dogéint ass, Patenter vun den Impfstoffer am Kader vum internationalen Trips-Ofkommes fräizeginn.

"Dat weist, datt mer ee Paradigmewiessel brauchen. Mir kënnen net weider de grousse Pharmakonzerner ausgeliwwert sinn. Wann et ëm ëffentlech Gesondheet geet, ass dat ee Service public, a mat Vaccinen a Medikamenter soll kee Boni gemaach ginn."


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.