Et wier absolut richteg fir Patienten a Persounen, déi a Kontakt mat Infizéierte waren, ze isoléieren, sou wéi et den Ament gemaach gëtt. Donieft wier et och wichteg fir besonnesch vulnerabel Mënschen ze schützen, sou de Claude Muller.
Altersheemer missten dofir déi néideg Instruktioune kréien, beispillsweis wéi si mat de Visiteure sollten ëmgoen:
"Dierf nach ëmmer jiddwereen eran, oder mussen d'Leit, déi wëllen eran, e Questionnaire ausfëllen, ob si a Risikogebidder waren oder Kontakt mat Leit aus Risikogebidder haten. Do gëtt et scho Méiglechkeeten, an do hunn déi entspriechend Institutiounen och eng grouss Responsabilitéit fir hir Patienten, d'Heimbewohner, awer och fir hiert Personal."
Wéi entwéckelt sech déi aktuell Situatioun elo weider? Am beschte Fall géif den neie Coronavirus wéi all aner saisonal Grippevire mam Ufank vum Fréijoer zeréckgoen, seet de Claude Muller vum LIH. Dee Moment kéinten d'Gesondheetsautoritéiten déi néideg Mesuren ergräife fir géint de Virus ze kämpfen. Anerefalls wier nach net virauszesoen, wéi et weidergeet.