Radioen

On air

Tockcity  |  Caribou - Honey

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déidlecht Accident um Chrëschtmaart: Vill oppe Froen

Stater Chrëschtmaart

Déidlecht Accident um Chrëschtmaart: Vill oppe Froen

Et geet elo drëms sou séier wéi méiglech d'Ursaach fir dat déidlecht Accident erauszefannen, sou d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer de Méindeg virun der Press. E Sonndeg den Owend hat een zwee Joer jonke Bouf säi Liewe gelooss, nodeems e Stéck vun enger Äisskulptur um Chrëschtmaart op hie gefall war.

auto_stories

2 min

Um Punkt 7 Auer de Méindeg den Owend hunn de Premier Xavier Bettel, d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer, Vertrieder vun der Gemeng Lëtzebuerg, vum LCTO an d'Foraine wäiss Rousen op der Onglécksplaz néiergeluecht. Aner Leit hu Käerzen um Knuedler ugefaangen fir hiert Bäileed auszedrécken. E Sonndeg den Owend huet hei een zwee Joer jonke Bouf säi Liewe gelooss nodeems e Stéck vun enger Äisskulptur op hie gefall war. Wéi konnt dat déidlecht Accident geschéien? Dat war d'Haaptfro déi sech d'Stater Buergermeeschtesch eng Stonn virdrun an der Gemeng Lëtzebuerg virun der Presse gestalt huet.

"Et geet eis haut elo net drëms Responsabilitéite festzeleeën, well dat ass net eis Kompetenz. Dat mécht d'Policeinstructioun an d'Geriichter. Mee et ass eis dru geleeë sou séier wéi méiglech Ursaache vun sou eppes kënnen ze erfaassen."

De Méindeg huet de Parquet eng Enquête wéinst Homicide Involontaire opgemaach. Wichteg Elementer vun der Skulptur wieren direkt saiséiert ginn. Zeien a Leit déi deen Owend Videoen a Fotoen op der Plaz gemaach hunn, solle sech bei der Police um 113 mellen, wa si op hirem Bildmaterial eppes gesinn hunn, sou d'Vertriederin vun der Police Myriam Meyer.

Renomméiert Partner-Entreprise

Dräi mol schonn hätt de Luxembourg City Tourist Office mat der international renomméierter Firma Ice&Art zesumme geschafft esou d'Lydie Polfer. Et géif een dovun ausgoen, datt d'Firma professionell schafft, dat géifen eng Rei international Präisser, déi d'Firma an der Vergaangenheet kritt hätt och beweisen, sou d'Lydie Polfer.

Weder d'Firma nach den Artist hätte gefrot datt de Client - an dësem Fall den Luxembourg City Tourist Office - weider Sécherheetsmesuren hätt missten huelen, erkläert de Marc Angel, President vum LCTO.

"Aus der Offer geet ganz kloer ervir datt et sech ëm eng Live Animatioun handelt 'avec possbibilité d'assise pour Public'. Et ass also keen Dekor gewiescht, mee eng participativ Skulptur, wéi dat bei esou Äisskulpturen oft de Fall ass a wéi dat och déi lescht zwee Joer de Fall war."

Chrëschtmaart een Dag laang zou

Dat 2 Meter 50 héich an 2,2 Tonne schwéiert Konschtwierk war de Sonndeg am Nomëtteg mat enger Live-Performance opgeriicht ginn. Eng Stonn drop war d'Attraktioun fir de Public op. D'ITM wier hei net concernéiert gewiescht esou de Marc Angel.

Wéinst dem déidlechen Accident war de Chrëschtmaart gëschter dee ganzen Dag zou. Dat wier normal erkläert de President vun der Forainen de Charel Hary. "Ech mengen et ass dat normaalst vun der Welt, datt een net direkt nees an den Alldag géif iwwergoen."

Vun haut un ass de Stater Chrëschtmaart nees fir de Public op.