Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dem Darwin seng Evolutiounstheorie - eng dacks mëssverstanen Theorie

Fräie Mikro

Dem Darwin seng Evolutiounstheorie - eng dacks mëssverstanen Theorie

Iwwermuer, den 12. Februar, gëtt nees den Charles Darwin a seng Iddi, d'Evolutiounstheorie, gefeiert. De Bob Reuter, President vun AHA Lëtzebuerg, fënnt, datt dat korrekt Verstoe vun dëser Theorie hautdesdaags misst zur Allgemengbildung gehéieren, an datt mer dofir mat gewësse Mëssverständnesser missten opraumen.

auto_stories

3 min

De Bob Reuter ass President vun der AHA. Foto: Archiv

D'Theorie vun der Evolutioun duerch natierlech Selektioun ass de verbannende Paradigma vun der Biologie, an doriwwer raus. Den Evolutiounsbiolog Theodosius Dobzhansky huet dofir gesot, datt näischt an der Biologie géif Sënn maachen, ausser am Liicht vun der Evolutioun.

An de Philosoph Daniel Dennett ass esouguer esou wäit gaangen, fir ze soen, datt dem Darwin seng Theorie méi bedeitend wier wéi dem Newton oder dem Einstein hir, well si eng subversiv a geféierlech Iddi ass, déi duerch näischt opgehale kéint ginn a vergläicht se metaphoresch mat enger "universeller Saier", déi sech duerch all Behälter duerch friesse kéint.

Mëssverständnesser si wäit verbreet

A ganz ville Wëssenschaften ass effektiv erkannt ginn, wei eng Kraaft dës Theorie huet, fir komplex Phenomener ze erklären, fir eng enorm Unzuel vun Erkenntnisser ze integréieren a fir eng erstaunlech Unzuel vu Viraussoen ze maachen.

Trotz der Einfachheet vum Grondgedanke vum Darwin senger Theorie an trotz hirer allgemenger Akzeptanz ënner Wëssenschaftler, si Mëssverständnesser ëmmer nach wäit verbreet. Si tauche souguer a Léierbicher op a sinn net rar ënner Unisstudenten, souguer bei deenen, déi op der Uni Kueren iwwer Evolutiounsbiologie haten.

An engem Artikel vun 2018 huet de Lait Al-Shawaf, deen als Kand zu Lëtzebuerg gelieft huet ier hie mat sengen Elteren an de Libanon geplënnert ass, mat senge Co-Auteuren zesummen 13 vun den heefegste Mëssverständnesser iwwer d'Evolutiounstheorie identifizéiert a widderluecht.

Ech hu fir iech haut awer just véier Mëssverständnesser rausgepickt a lueden iech an déi aner selwer nozeliesen.

Mëssverständnes Nummer 1: Natierlech Selektioun ass en zoufällege Prozess

Dëst Mëssverständnes ass dofir esou geféierlech, well et eis denken deet, dass d'Komplexheet, d'Nëtzlechkeet an d'scheinbar Sënnhaftegkeet vun de biologeschen Upassungen, déi mir an der Natur gesinn, nimools kéinten duerch d'Evolutiounstheorie erkläert ginn. Dobäi ass d'natierlech Selektioun grad net zoufälleg, mee et ass de Prozess vun der Verännerung duerch Mutatiounen, deen zoufälleg ass. Mir dierfen dës zwee Bestanddeeler vum Evolutiounsprozess net verwiesselen.

Mëssverständnes Nummer 2: Bei der natierlecher Selektioun geet et primär em d'Iwwerliewe vum Individuum

Nee, et geet u sech méi em de relative Reproduktiounserfolleg vu Genen a net drëms wéi laang hiren Träger iwwerlieft. Krass Beispiller dovunner gesi mer bei Spezie wou de Männchen sech vum Weibchen offriesse léist wärend dem Reproduktiounsakt.

Mëssverständnes Nummer 3: Bei der natierlecher Selektioun geet et ëm d'Iwwerliewe vun der Spezies

Et gëtt oft gemengt, datt Individue Sex hunn fir fir d'Iwwerliewe vun der Spezies ze suergen. Deem ass awer net esou. Mir hu Sex (a suergen dobäi eventuell fir Nowuess), well mir d'Nokomme si vu Mënschen, déi Sex hate woubäi Nokommen entstane sinn a mir hunn hir Tendenze fir dat och ze maache geierft.

Mëssverständnes Nummer 4: D'natierlech Selektioun schafft op een Zil oder finalen Zweck hin

Nee, si ass blann wat d'Zukunft ugeet a ka keng zukünfteg Bedingungen a Betruecht zéien. Si féiert also net noutgedrongen zum "Fortschrëtt". Si schafft net wéi een Ingenieur, dee sech eppes virgeholl huet.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7. Dëse Bäitrag gëtt d'Meenung vu sengem Auteur erëm an net vun der Redaktioun.