Radioen

On air

Metal Meltdown  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dem Donald Trump seng deeglech Pressekonferenzen

USA

Dem Donald Trump seng deeglech Pressekonferenzen

Zanter bal engem Mount elo gëtt et vun der amerikanescher Säit deeglech Pressekonferenzen zum Theema Coronavirus. Den Donald Trump ass all Kéier derbäi a benotzt dës Méiglechkeet fir um nationale Fernsee senger Regierung hiert Handele vun der Kris ze verteidegen a fir dacks mol absurd nei Theorien ze verbreeden. Soll een op den Trump lauschteren, soll een aschalten? Dozou eise Washington-Korrespondent Philip Crowther.

auto_stories

3 min

Philip Crowther (Foto: Archiv)

Eng Injektioun vun Desinfektiounsmëttel kéint e méiglechen Traitement géint de Coronavirus sinn. Eng geféierlech, absurd, an natierlech falsch Ausso vum US-President Donald Trump, déi vu Millioune Leit live um Fernsee an den USA, an am Rescht vun der Welt gekuckt gouf. Déi Theorie huet 24 Stonne laang an Amerika fir Opmierksamkeet gesuergt an huet eng vill méi wichteg Noriicht an de Schied gestallt, op d'mannst op den Noriichtesender an den USA. De Fait datt an den USA elo scho 50.000 Leit um Coronavirus gestuerwe sinn, datt ass wat zielt.

All Owend géint 6 Auer kënnt den Donald Trump an de Pressesall vum Wäissen Haus, en Deel vum Gebai, dat hien an den dräi Joer virdrun ni wollt benotzen. Mee wärend der Coronavirus-Kris huet d'Wäisst Haus missen informéieren, an op déi ëmmer méi grouss Zuel vu Fäll an Doudege reagéieren. Si gi seelen erwäänt, säi Matleed dréckt den Donald Trump op dëse Presse-Konferenzen net aus. Am Plaz geet et fir hien drëms, sech a senger Regierung hir lues Reaktioun op d'Pandemie ze verteidegen.

Ass alles, wat den Donald Trump seet, derwäert live ze iwwerdroen?

De President, deen d'Medien an hir Aschaltquote besser kennt wéi all anere President virun him, huet do eng Nisch fonnt. Wann de President schwätzt, da muss all Wuert iwwerdroe ginn. Do kann den Donald Trump soe wat hie wëllt, d'Kamerae bleiwen un an d'Chefredakteren an den Tëlees-Chaînë bleiwen drun. Et ass schwéier e President ze ënnerbriechen.

Mee esou vill falsch Aussoen an esou vill Verschwörungstheorië ginn do verbreet, datt virun e puer Wochen déi méi lénk Noriichtesender ugefaangen hunn ze probéieren de President ze verbesseren, am deem si zeréck an de Studio schalten an d'Experte kommentéiere loossen. Fox News mécht dat natierlech net.

An Zukunft manner Pressekonferenze vum US-President

D'Fro, ob een eng Pressekonferenz vum US-President kann ignoréieren ass eng, déi sech all Sender muss stellen. Ass alles wat den Donald Trump seet, derwäert live ze iwwerdroen, well hien eben de President ass, oder huet een als Journalist eng méi grouss Responsabilitéit fir d'éischt emol ze iwwerpréiwen, ob do alles stëmmt, wat erzielt gëtt.

Eng kloer Äntwert gëtt et zanter dem Ufank vum Trump senger Presidence bis elo nach net. Medienexperte mengen, datt den amerikanesche Journalismus nees déi nämmlecht Feeler mécht wéi am Joer 2016, wou dem Trump seng Rieden am Walkampf och live an ouni Kommentar gewise goufen. D'Aschaltquote waren einfach ze gutt.

Den Trump selwer schéngt awer dës Kéier wëlle seng deeglech Pressekonferenzen ze kierzen. D'Sondagë weisen, datt si net hëllefen, d'Wäisst Haus huet Angscht datt dem President seng konfus Aussoe besonnesch bei sengen eelere Wieler net gutt ukommen. Also wëllt hie sech e bëssen zeréckzéien a vläicht nëmmen nach e puermol an der Woch optrieden. Den Donald Trump deen, et schéngt, e Feeler zougëtt. Dat ass eng Raritéit, déi et verdéngt huet fir Schlagzeilen ze suergen.