Radioen

On air

Espresso Beats  |  The Scaners - Wipeout

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dem Robert Biever seng Mediatiouns-Missioun ass ofgeschloss

Luxair

Dem Robert Biever seng Mediatiouns-Missioun ass ofgeschloss

Dem Robert Biever seng Mediatiouns-Missioun bei der Luxair ass ofgeschloss. No 22 Reuniounen hätt hien dem Luxair-Verwaltungsrot Enn Abrëll seng Conclusioune presentéiert, esou de Robert Biever. De leschte September hat de President vum Luxair-Verwaltungsrot Giovanni Giallombardo ugekënnegt, datt de fréiere Procureur Général d'Roll vum Mediateur bei der Fluggesellschaft wäert iwwerhuelen.

auto_stories

2 min

Foto: Archiv

Lauschterenplay_arrow


Vun Enn September un hat de Robert Biever Gespréicher mat der Luxair-Direktioun a mat de Vertrieder vun deene Beschäftegten. Hien hätt och eng Rei Gespréicher mat all Kéier just enger Säit gehat, esou de Mediateur. Et wier dorëm gaangen ze kucke béid Parteien erëm op d'Schinn ze setzen, fir datt si hir Problemer zesumme kënne léisen.

Et wieren eng Rei Problemer beschwat ginn, zu deene Léisunge fonnt goufe bei deene jiddereen d'accord gewiescht wier. De Robert Biever betount, datt et net bei all Punkt de Fall gewiescht wier.

"Dat ass jo bei esou enger Zort vu Gespréicher kaum virstellbar. Mee et ass awer esou, datt se herno gewisen hunn, datt se kënne matenee schwätzen."

Sozialdialog bei der Luxair

Bei der Mediatioun bei der Luxair goung et haaptsächlech ëm de Sozialdialog, mee och ëm d'Aarbechtskonditiounen. Kann een nom Ofschloss vun der Missioun soen, datt de Sozialdialog elo rëm funktionéiert? Dozou seet de Robert Biever:

"Zum Schluss vun der Mediatioun huet e funktionéiert. Ob en elo wierklech funktionéiert, an ob d'Mediatioun schliisslech ee Succès ass oder net, dat mengen ech, do wier ech méi virsiichteg."

Et géif dorëm goen, datt een op Dauer geséich, datt béid Säiten zesumme Léisunge fir de Betrib a fir déi Beschäftegt kënne fannen, seet de Robert Biever, deen iwwer een halleft Joer d'Mediatioun bei der Luxair gemaach huet.