Kolonialgeschicht Dem Staat seng Responsabilitéit ass nach net ofschléissend gekläert

Dréit och Lëtzebuerg en Deel Verantwortung fir Verbriechen, déi an de belsche Kolonie geschitt sinn? Déi Fro kéint een haut nach net definitiv tranchéieren, seet de Régis Moes, Historiker am Staatsmusée. Lëtzebuerg wier ni eng Kolonialmuecht gewiescht. Allerdéngs hätten Deeler vun der Politik hei am Land Leit, déi an de Kongo wollte goen, moralesch ënnerstëtzt a souguer encouragéiert, dat ze maachen. Ob eist Land sech dofir entschëllege misst, wier am Moment nach net ze soen.

Maurice Molitor (Interview) / Chris Zeien (Web)

IMG_6059-2.JPG
De Régis Moes ass Historiker am Staatsmusée.

De Staatsministère huet d'Uni Lëtzebuerg chargéiert, op deem Thema ze schaffen. Am Abrëll d'nächst Joer gëtt eng Ausstellung zum am Staatsmusée op, déi och zu där Diskussioun wäert bäidroen.

"Den Haff - d'Famill vum Prënz Felix - hat Interessien am Mosambik: dat si Randfroen, déi och nach ze behandele wieren. Mee de Lëtzebuerger Staat en tant que tel war menges Wëssens no ni légalement implizéiert. Och wann de Soutien moral et politique ganz present war."

Enn den 1950er Jore wiere ronn 600 Lëtzebuerger am Kongo gewiescht. Dem Régis Moes no eng "Walclientèle, déi ee muss fleegen". Dat géif zu engem Deel d'Begeeschterung vun engem Deel vun de Regierunge fir d'Kolonialisatioun erklären.

Wann ee sech entschëllegt, misst ee wësse firwat ee sech entschëllegt, sou de Régis Moes. Lëtzebuerg hätt eng kolonial Vergaangenheet, sou den Historiker: Am Kongo wieren an all den Etappe vun der Kolonialisatioun Lëtzebuerger present gewiescht, déi sech um System bedeelegt hunn, deen op Rassismus opgebaut war. De Lëtzebuerger Staat wier senger Meenung no awer just indirekt implizéiert gewiescht, andeems en d'Lëtzebuerger am Kongo ënnerstëtzt huet.

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / Maurice Molitor
Lauschteren

Méi zum Thema

Black Lives Matter protesters march down St. Paul's University Avenue in honor of Martin King Luther Jr. Day. January 18, 2021. (Photo by Tim Evans/NurPhoto)
Konferenz

Lëtzebuerg brauch statistesch Donnéeë fir de systeemesche Rassismus um Fong entgéintzewierken: dat war eng vun de Conclusioune vun enger Konferenz iwwer institutionelle Rassismus op der Uni Lëtzebuerg.

Kongo
Zäithistoriker

Den 30. Juni huet déi demokratesch Republik Kongo de 60. Anniversaire vun der Onofhängegkeet vun der Belsch gefeiert. Den Zäithistoriker Régis Moes iwwer déi Lëtzebuerger Kolonialgeschicht am Belsche Kongo.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen