Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dem Virus keng Chance gi sech ze verbreeden

Corona-Pandemie

Dem Virus keng Chance gi sech ze verbreeden

D'Zuel vun de soziale Kontakter huet en Impakt op de Verlaf vun der Corona-Pandemie. Wärend dem Lockdown hätten d'Leit hir sozial Kontakter baussent der Famill ëm 80 Prozent reduzéiert, esou eng Etüd.

auto_stories

2 min

De Bäitrag vum Pia Oppel lauschterenplay_arrow


D'Leit hei am Land hätte virun der Pandemie an der Moyenne eng 16 Kontakter den Dag gehat. Wärend dem Lockdown waren et der ronn dräi, seet den Epidemiolog Joël Mossong, Co-Auteur vun enger Etüd iwwer d'Theema.

Dat géif och erklären, wisou d'Zuel un Neiinfektiounen am Ufank vun der Kris esou séier an d'Luucht gaangen an duerno erëm séier erofgaangen ass. D'Leit hätte guer keng Kontakter méi gehat an de Virus hätt doduerch keng Méiglechkeet gehat fir sech weider ze verbreeden.

Zuel u Kontakter variéiert

Jonker hate weiderhin am Schnëtt méi Kontakter wéi eeler Leit. Och bei den Nationalitéite goufen et de Sondagen no Ënnerscheeder: notamment wier opgefall, datt Portugisen an der Moyenne eng liicht méi héich Zuel vu Kontakter uginn hätten.

De Joël Mossong mengt, datt dat op sozio-ekonomesch Facteure kéint hiweisen: vill vun dëse Leit hätte warscheinlech keen Home-office kéinte maachen.

Nei Restriktiounen

Mam schrëttweisen Deconfinement wieren déi sozial Interaktiounen zanter Enn Abrëll nees geklommen. Bis déi zweet Well vun Infektiounen am Juni koum, an nei Restriktiounen a Kraaft getruede sinn, wat nees zu enger Reduktioun vun de Kontakter geféiert hätt, esou de Joël Mossong. Dat géif och erklären, wisou d'Zuelen an de leschte Wochen nees erofgaange wieren.

Eendeiteg wëssenschaftlech Erkenntnisser doriwwer, wéi eng Mesurë wéi een Impakt op d'Verhale vun de Leit am Kader vun der Corona-Pandemie haten, géifen et net ginn, erkläert den Epidemiolog.

Traçage a Reegele ginn net duer

D'Resultat vu Preventiounsmesurë wier net ëmmer dat, wat ee sech géif erwaarden. Et géif net duergoen, datt et Reegele ginn, mee d'Bevëlkerung misst déi och akzeptéieren a misste sech och drun halen.

De Joël Mossong schafft fir d'Inspection sanitaire, déi den Traçage vu Kontakter vun infizéierte Persoune mécht. Ouni ee Kader, an deem d'Leit hir sozial Kontakter musse limitéieren, géif dee System awer séier u seng Grenze stoussen, ass hien iwwerzeegt. De Contact tracing wier wichteg, mee géif als Mesure net duergoen.