Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Lucy Rose - Over When It's Over

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Demande fir Sprooch ze léieren ass grouss

Lëtzebuergesch

Demande fir Sprooch ze léieren ass grouss

7.500 Leit sinn aktuell an Erwuesse-Coursen ageschriwwen. Ëmmer méi Leit schwätzen doduerch Lëtzebuergesch. Et wier allerdéngs schwiereg, dat néidegt Personal ze fannen, fir d'Sprooch z'enseignéieren.

auto_stories

2 min

Et wieren enorm vill Leit do, déi Lëtzebuergesch léiere wéilten, seet de Marc Barthelemy vum Educatiounsministère. D'Zuel vun de Leit, déi Lëtzebuergesch schwätzen, géif doduerch och kontinuéierlech klammen.

Lëtzebuergesch an der Schoul

An der Schoul géif net op de schrëftleche Volet insistéiert ginn, dat wier nach ëmmer sou gewiescht. Nei wier allerdéngs de Volet, Lëtzebuergesch als Friemsprooch ze léieren, souwuel fir d'Schüler an der Schoul, wéi och fir Erwuessener an Owescoursen, seet de Marc Barthelemy. Dat géif sech vill vun däitschen oder franséische Sproochecoursen ënnerscheeden, déi haaptsächlech op de schrëftleche Volet insistéieren. D'Lëtzebuergesch-Course géife sech op Kommunikatioun fokusséieren, et géif Wäert drop geluecht ginn, datt d'Schüler d'Sprooch verstinn an och schwätze kënnen.

Eng grouss Demande

Vum éischten Oktober u muss all Crèche de Kanner eng Betreiung op Lëtzebuergesch an op Franséisch ubidden. Hei géif ee manner op Rekrutéierungsproblemer stousse wéi am Enseignement, mengt de Marc Barthelemy.

An de leschte Joren hätt een ëmmer zwee Poste fir Lëtzebuergesch Enseignanten ausgeschriwwen. Duerch déi grouss Demande, fir Lëtzebuergesch ze léieren, hätt een dëst Joer zéng Plazen ausgeschriwwen. Et wier allerdéngs schwiereg, déi och ze besetzen, seet de President vum permanente Comité vun der Lëtzebuerger Sprooch. Et wier wichteg no baussen ze kommunizéieren, datt hei Leit gebraucht ginn.

Et géif zwar e Master-Studium fir Lëtzebuergesch op der Uni Lëtzebuerg ginn. De Problem wier allerdéngs deen, datt et net vill Carrièrë ginn, déi spezifesch e Master am Lëtzebuergesche virschreiwen, sou de Marc Barthelemy weider.

Kommissär fir d'Lëtzebuerger Sprooch

Et wier nach net gewosst, wien d'Roll vum geplangte Kommissär fir d'Lëtzebuerger Sprooch soll iwwerhuelen. Den entspriechende Gesetzprojet gouf viru ronn engem Mount presentéiert. De Marc Barthelemy geet dovun aus, datt de Projet bis de Summer duerch d'Chamber wäert sinn. D'Aufgab vum Kommissär wier nieft dem Ausschaffe vum nationalen Aktiounsplang och d'Koordinatioun vun der Promotiounsaarbecht ronderëm d'Lëtzebuerger Sprooch. E soll d'Regierung awer och op méiglech Lacunnen hiweisen.

De Marc Barthelemy wollt sech net dozou äusseren, aus wéi engem Beräich de geplangte Kommissär kéint kommen. Et wäert awer senger Meenung no "sécherlech ee sinn, dee bis elo och mam Lëtzebuergesche vill ze dinn hat".

Et wier wichteg, weiderhin um Aktiounsplang ze schaffen, fir datt een eng Partie Leitlinnen hätt, a wéi eng Richtung ee mat der Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch wéilt goen. Dat virun allem en vue vun de Chamberwahlen d'nächst Joer.