Lëtzebuerger Sprooch Demande no Lëtzebuergesch-Coursë geet konstant an d'Luucht

Et besteet vill Interessi fir d'Lëtzebuerger Sprooch ze léieren. Eleng am Institut national des langues hu sech zejoert 7.600 Persoune fir e Cours ugemellt. Et besteet iwwerdeems eng laang Waardelëscht.

Carole Schimmer / cbi

Shari Schenten
D'Shari Schenten plädéiert fir am Lycée op den ieweschte Klasse Coursen iwwer d'Lëtzebuerger Kultur unzebidden.

Wéi vill Läit am ganze Land an de Gemengen, Associatiounen a Betriber an engem Lëtzebuergesch Cours ageschriwwe sinn, kéint een net genee chiffréieren, seet d'Shari Schenten, Presidentin vun der Vereenegung vun de Lëtzebuergesch Professeren.

"Ech mengen den INL (Institut national des langues) ka sech net driwwer beschwéieren, datt et net genuch Schüler géife ginn, déi Lëtzebuergesch wëlle léieren. Si gi richteg iwwerlaf, et gi Waardelëschte fir an d'Coursen eranzekommen. Ech mengen et ass falsch ze soen, et wéilt kee Lëtzebuergesch léieren. Et ass scho schéin ze gesinn, datt esou vill Leit wëlle Lëtzebuergesch léieren."

Masterdiplom fir Lëtzebuergesch Professer

Et wier nach net ganz bekannt, datt een op der Uni e Masterdiplom ka maache fir Lëtzebuergesch Professer ze ginn, seet d'Shari Schenten. Deen Diplom erlaabt et an de Lycéeën oder an der Erwuessenebildung beim Institut des langues Cours ze halen.

Parallel kann een och mat engem Certificat a Lëtzebuerger Sprooch an de Gemenge Sproochecoursen assuréieren. Dee Studium dauert ee Joer a kann op der Uni oder um INL gemaach ginn.

Méi Stonne Lëtzebuergesch an den internationale Lycéeën

D'Vereenegung fuerdert am Secondaire an den internationale Schoulen, datt d'Zuel u Stonnen am Lëtzebuergeschen eropgeet. Fir den Ament sti während den éischten dräi Joer just zwou Stonnen um Programm, dat géif net duergoe fir sech wuel ze fillen an enger Sprooch.

"Déi international Schoulen als Integratiounsschoulen duerzestellen ass komplett falsch. Do ass Lëtzebuergesch als Alibi genotzt ginn, fir déi Schoulen ze verkafen a fir datt d'Leit se acceptéieren. Ech fannen, datt do d'Coursë missten op mindestens véier Stonne pro Woch erop gesat gi während dräi Joer, an datt een duerno weider ee Cours als Optioun proposéiert. Well wéi solle mir verlaangen, datt si sech sollen integréieren, wa mir hinne mol d'Chance net gi fir sech ze integréieren?"

Iwwerdeems plädéiert d'Shari Schenten fir am Lycée op den ieweschte Klasse Coursen iwwer d'Lëtzebuerger Kultur unzebidden.

"Déi Coursen op 7ième iwwer d'Lëtzebuerger Kultur si ganz flott. Mee se sinn deelweis ze jonk, fir vill Situatiounen ze verstoen a souguer hir eege Situatioun ze verstoen. Ech fannen et wier och ganz flott op der 2ième oder 1ère mat de Schüler kënnen ze diskutéieren, wéi eis Identitéit sech entwéckelt huet. Fir mech gëtt et net nëmmen eng Identitéit, mee fir mech gëtt et d'Multikulturalitéit. Déi Diskussioune kéint een op deem Niveau vill méi flott féieren. Jiddweree bedauert och, datt een net konnt Lëtzebuerger Museker, Schrëftsteller a Kënschtler an der Schoul kenneléieren."

Weider fuerdert d'Vereenegung, datt eenheetlech Programmer solle festgeluecht ginn, déi fir all d'Schoule solle gëllen.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Carole Schimmer
Lauschteren

Méi zum Thema

Yves Cruchten a Fred Keup
Chamberwahlen 2018

Et géif haut net méi Lëtzebuergesch geschwat ginn, wéi virdrun, seet de Fred Keup. Den Yves Cruchten gesäit net, wat een zousätzlech kéint maachen, fir d'Sprooch ze promouvéieren.

Melanie Wagner
Lëtzebuerger Sprooch

D'Lëtzebuerger Sprooch géif schonn eng Zäit benotzt gi fir nationalistesch Revendicatiounen. Och d'Méisproochegkeet wier zu Lëtzebuerg historesch gewuess. Dat seet d'Soziolinguistin Melanie Wagner.

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen