arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Demissioun vum President Serge Jochheim

PID

|
reading time

1 min

Demissioun vum President Serge Jochheim

D'Partei fir integral Demokratie kéint net richteg funktionéieren, well um Enn ëmmer de Grënner Jean Colombera géif decidéieren. Esou erkläert de Serge Jochheim, firwat hien no dräi Méint als PID-President zrécktrëtt. Hie verléisst d'PID fir eventuell eng eege Partei ze grënnen.

reading time

1 min

D'Partei fir integral Demokratie kéint net richteg funktionéieren, well um Enn ëmmer de Grënner Jean Colombera géif decidéieren. Esou erkläert de Serge Jochheim, firwat hien no bëssi méi wéi dräi Méint als PID-President zrécktrëtt an d'Partei verléisst. Organisatoresch an inhaltlech Decisiounen, déi vun de Partei-Gremie geholl goufen, wieren ëmmer nees op informellem Wee iwwer Bord geheit ginn. Zum Beispill wier d'Thema direkt Demokratie anescht wéi decidéiert, net als Prioritéit zréckbehale ginn. Amplaz wier de medezineschen Asaz vum Cannabis prioritär behandelt ginn.

play_arrow Serge Jochheim

De Jean Colombera, dee bis Juli selwer President vun der PID war, seet, de Serge Jochheim hätt d'Kritik vu verschiddene Memberen um Parteiprogramm net verdroen. De fréieren Deputéierten an neie Viichtener Buergermeeschter iwwerhëlt elo den Interim als President. Fir d'Sich no engem Successeur géif ee sech Zäit loossen.

play_arrow Jean Colombera

De Serge Jochheim seet, hie wéilt elo eng eege Partei grënnen. Méi kéint hien dozou awer nach net soen.