Radioen

On air

De Moien  |  Superwaljoer um afrikanesche Kontinent

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Demissioun an der Gemeng Weiler zum Tuerm

Gemengepolitik

Demissioun an der Gemeng Weiler zum Tuerm

An der Gemeng Weiler zum Tuerm huet op en neits e Member vum Gemengerot demissionéiert. D'Nadine Nober wiesselt d'Gemeng a kann dofir déi lescht véier an en hallwe Mount net méi an der Gemeng Weiler zum Tuerm aktiv sinn. An de leschte Jore goufen et vill Turbulenzen am Gemengerot. Déi vum Nadine Nober ass awer net op Konflikter zeréckzeféieren.

auto_stories

2 min

(Foto: Aloyse Theisen)

Lauschterenplay_arrow


D'Nadine Nober wier geplënnert an hätt dowéinst hier Demissioun agereecht seet si op Nofro hinn. An engem Facebook Post huet déi fréier Gemengeréitin awer net verstoppt, datt et am Ufank vun hirem Mandat vill Turbulenzen, Demissiounen a keng Acceptanz vun der Majoritéit gi wieren.

Vill Changementer

Duerno hätt Si awer konstruktiv kenne schaffen. Effektiv goufen et zënter de Gemengewalen 2017 Tensiounen am Schäfferot. D'Awunner vun der Gemeng hunn direkt zweemol wärend der sechs Joer laanger Legislaturperiod misse Memberen an de Gemengerot nowielen. Ee gutt Joer no de Gemengewale waren et Komplentarwale gi wéinst der Demissioun vun zwee Memberen aus dem Schäffen- a Gemengerot.

Kuerz drop huet d'LSAP Politikerin Cecile Hemmen no siwe Joer un der Spëtzt iwwerraschend als Buergermeeschtesch opgehalen. Si ass awer am Gemengerot bliwwen. Grond waren eegenen Aussoen no parteipolitesch Ausenanersetzungen. De Schäfferot huet sech doropshin erneiert.

De Bob Wagner an d'Andrée Colas goufen nei Schäffen, de Vincent Reding neie Buergermeeschter. Bei de Gemengewalen am Oktober 2017 hat de jonken CSJ-Member 63 Stëmme méi wéi d'Cecile Hemmen kritt.

Dës Kéier keng Komplementarwalen

Mee laang ass et net roueg bliwwen. Enn 2021 hunn de Gemengeconseiller Carlo Ernst an déi éischt Schäffen Andrée Colas demissionéiert. D'Andrée Colas huet d'Zesummenaarbecht am Schäfferot kritiséiert.

Et ass also fir d'zweete Kéier zu Komplentarwalen zu Weiler zum Tuerm komm. Zu enger drëtter Komplementarwal kënnt et awer duerch déi nei Demissioun vun der Nadine Nober net. Bei enger eenzeger Demissioun aus dem Gemengerot muss net nei gewielt ginn. Zu Weiler-La Tour wunnen eng 2500 Bierger. De Gemengerot huet néng Memberen.