Zil wier et, de Staat an d'Horesca-Organisatioun op déi schwiereg Situatioun fir d'Cafetieren, d'Restaurateuren an d'Diskoen opmierksam ze maachen, déi bis Enn dës Mounts net schaffe kënnen, erkläert d'Cristina Borges, selwer Patronne vun engem Bar.
Mir wëlle just, datt de Staat gesäit: mir sinn do a mir gi vergiess. Mir kréien de Chômage fir eis Personal. Déi Aiden, déi 3.000 bis 4.000 Euro dat ass alles schéin a gutt, mee et geet bei verschiddene Leit einfach net duer. Eis Loyere sinn ze héich, Facteure komme weider eran, sief et d'Elektrescht, d'Wasser, d'Steieren.
Marche silencieuse geplangt
Op kee Fall wéilt ee mat der Corona-Géigemanifestatioun, déi och e Samschden ass, vermëscht ginn, erkläert d'Cristina Borges. Deemno hätt si en Itineraire gewielt, deen en Zesummestouss soll evitéieren.
Mir hu wierklech, mat allem Respekt, näischt mat där anerer Manifestatioun ze dinn. Dofir hunn ech decidéiert, eng Promenade silencieuse ze maachen. Mir si schwaarz ugedoen, fir datt si gesinn, mir si vum Horeca. D'Symbol vum Deuil, der Trauer an eisem Secteur. Mir well net vermëscht gi mat deenen aneren. An ech hoffen, datt déi aner dat respektéieren.
Ma och bannent dem Horeca-Secteur géifen et verschidde Meenungen a Gruppe ginn, seet d'Cristina Borges. Weider Manifestatioune vun anere Betraffenen aus dem Secteur wiere schonn an der Planung. Fir d'Cristina Borges wier d'Manifestatioun dëse Samschdeg awer elo mol déi eenzeg, an der Hoffnung, datt de Staat dem Secteur entgéint kënnt.