Radioen

On air

E-Lodie  |  E-Lodie

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "D'Demokratie huet ee gewësse Präis"

Parlament a Medien

"D'Demokratie huet ee gewësse Präis"

De Chamberpresident Fernand Etgen verdeedegt d'Decisioun, datt den DP-noe "Journal" fir déi digital Publikatioun vum Chamberbliedche bezuelt gëtt. Och aner Online-Medie sollte vun där neier Approche kënne profitéieren. Een Interessekonflikt weist den DP-Politiker vu sech.

auto_stories

4 min

Zënter de "Journal" Enn zejoert seng Print-Versioun agestallt huet, publizéiert d'Zeitung d'Rapporte vun de Plénièressëtzunge vun der Chamber digital. D'Online-Zäitschrëft "Reporter.lu" huet elo iwwer d'Detailer vun dëser neier "privilegiéierter Partnerschaft" bericht: Fir d'Publikatioun vun engem PDF kritt de "Journal" 1.600 Euro - an ass domadder deen eenzegen Online-Medium am Land, dee vun esou enger Subventioun fir déi digital Publikatioun vum sougenannte "Chamberbliedchen" profitéiert.


Ganzen Interview mam Fernand Etgen iwwer d'Chamberbliedchenplay_arrow


Pro Joer kéint de Journal esou ëm déi 30.000 Euro vun der Chamber kréien, mellt Reporter. Bis ewell huet d'Chamber fir d'Distributioun op déi gedréckten Dagespress gesat.

"Reng administrativ Approche"

D'Initiativ fir elo och eng digital Distributioun ze subventionéieren, wier vum Journal an der Kommunikatiounsagence vun der Chamber ausgaangen, erkläert de Chamberpresident Fernand Etgen op Nofro hin - d'Chamber selwer wier "net Demandeur" gewiescht.

D'Chamberverwaltung hätt d'Decisioun eleng geholl, ouni de Büro vun der Chamber (an deem alleguerten d'Parteien, de Chamberpresident an de Generalsekretär vertruede sinn) ze consultéieren, confirméiert de Fernand Etgen.

Dëst well et eng "reng administrativ Approche vun enger Verlängerung vun engem bestoende Kontrakt" wier. Gläichzäiteg erkläert de Chamberpresident, d'Decisioun hätt eng "grouss Implicatioun". Ëmmerhi géifen och aner Online-Medien a Fro komme fir d'Chamberbliedchen online ze publizéieren:

"U sech war et d'Conditioun, datt ech meng Ënnerschrëft ënnert deen Accord gesat hunn, datt och déi aner Online-Medie vun där doten Approche misste kënne profitéieren."

"Déifgräifend" Analys kënnt no

Elo sollt eng "déifgräifend Analys" gemaach ginn, fir dem Büro da verschidden Optiounen ze presentéieren, wéi d'Distributioun vum Chamberbliedche kéint weider entwéckelt ginn.

Mee firwat huet d'Chamber hir Analys net gemaach, ier se dem Journal de Subside fir d'Publikatioun vun engem PDF accordéiert huet? Hei gesäit de Fernand Etgen een Ënnerscheed tëschent dem Weiderféiere vun engem existente Kontrakt mam Journal, an dem Ausschaffe vun neie Konditioune fir zousätzlech Mediepartner.

De Chamberpresident kann nach net soen, wéi eng finanziell Envergure d'Gläichberechtegung vun anere Medie kéint kréien.

Ëmmerhin ass nach net kloer, ob de Büro dës Demarche iwwerhaapt gutt heescht - an no wéi enge Critèren de Choix vu weidere Mediepartner soll geschéien. Dat soll elo awer "zäitno" geschéien, seet de Fernand Etgen.

Méigleche Käschtepunkt net kloer

D'Lëscht vu potentielle Kandidaten ass grouss: et ginn nieft de rengen Online-Medie ewéi dem Journal a Reporter, d'Sitten zum Beispill vun de Wochenzeitungen (Woxx, Land, Revue, Télécran), vun audiovisuelle Medien (RTL, Eldoradio, Radio Ara), der Gratiszeitung L'Essentiel, oder och den Zäitschrëfte Paperjam an Delano.

Géifen déi all den Tarif bezuelt kréien, deen de Journal kritt, da kéim ee séier op Käschte vun iwwer 300.000 Euro Steiergelder d'Joer - fir d'Publikatioun vun engem PDF.

Zil wier et, fir d'Chamberbliedchen an Zukunft méi ze verdeelen, äntwert dorobber de Fernand Etgen: "Et geet eis drëm, fir ee Maximum un neutraler Informatioune bei d'Leit ze bréngen."

Well "d'Demokratie huet ee Präis an d'Ëffentlechkeet muss u sech bereet si fir dee Präis kënnen ze bezuelen." De Prinzip wier, datt d'Chamberbliedchen iwwer d'Medie bei d'Leit kënnt - amplaz datt d'Leit déi Informatiounen op de Chambersite misste siche goen.

"Keng DP-Saach"

De "Journal" gehéiert dem "Cercle Eugène Schaus", engem Veräin vun der Demokratescher Partei. De Parteistatuten no ass de Journal dat offiziellt Parteiorgan vun der DP. Datt hei ee méiglechen Interessekonflikt besteet, wéinst deem de Chamberpresident an DP-Politiker sech hätt misse méi breet ofsécheren, gesäit de Fernand Etgen net esou - a widderhëlt: "Dat ass eng reng administrativ Decisioun vun der Chamber gewiescht a keng DP-Saach".

Och d'Kritik vun der Piratepartei, datt eng parlamentaresch Fro zur Pressehëllef fir de Journal, aus parteipolitesche Grënn deels als net recevabel deklaréiert gouf, léisst de Fernand Etgen net gëllen.

Hie géif sech beim Préiwe vun der Recevabilitéit op d'Chambersreglement an op d'Guidelines vun der Conférence des Présidents beruffen.