Et wiere Persounen um Police Büro vu Bieles virstelleg gewiescht, sot eis op Nofro de Policespriecher. Si hate gemellt, datt si op der Kandidatelëscht vun der Partei Demokratie wieren an dat net wéilten.
D'Police präziséiert, datt déi Persounen net nëmmen d'Deklaratioun fir Kandidat ze ginn ënnerschriwwen hunn, mee och bei der Gemeng ee Certificat ugefrot hunn, dee beleet, datt si op der Wielerlëscht stinn. Wéinst där zousätzlecher Demarche wier et fir d'Police net kloer, op Basis vu wat déi Persounen eng Plainte kéinte maachen, an ob et sech ëm ee penale Fall géif handelen. Elo ginn déi Persounen a weider concernéiert Leit vun der Police virgelueden, fir nach eng Kéier verhéiert ze ginn. Op Grond dovunner géif ee Bericht un de Parquet geschéckt ginn, an net ee Protokoll. Dono ass et um Parquet ze decidéieren, ob et ee penale Volet gëtt oder net.