Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Parquet wiert sech géint Virwërf vu Fräi Wieler

Chamberwahlen 2018

Parquet wiert sech géint Virwërf vu Fräi Wieler

De Parquet reagéiert an engem Bréif un d'Beweegung Fräi Wieler op déi rezent Korruptiounsvirwërf vum Lee Michel Baseggio. Den 20. August hat de Grënner vu Fräi Wieler der Justiz an engem Communiqué virgeheit korrupt ze sinn. Hannergrond ass d'Affär ronderëm d'Partei Demokratie.

auto_stories

1 min

D'Procureure générale Martine Solovieff schreift, si géif sech géint sou eng "Visioun vun der Lëtzebuerger Justiz wieren" a freet de Lee Michel Baseggio fir seng Aussoen ze preziséieren. Sollt hie keng Detailer kënne liwweren, geet d'Martine Solovieff vun diffamatoresche Virwërf aus, sou schreift si an deem Bréif, deen dem radio 100,7 virläit. De Communiqué ëm deen et am Bréif geet, ass an der Tëschenzäit vum Internetsite vun der Partei Fräi Wieler erofgeholl ginn.