Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Róisín Murphy & DJ Koze - The Universe

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Demokratie vum Vollek"

Chamberwahlen 2018

"Demokratie vum Vollek"

Et wier net aussergewéinlech, datt och virun de Chamberwahlen 2018 nei Lëschten entstinn, seet de Politolog Philippe Poirier. Et géif awer opfalen, datt dobäi ëmmer méi de Fonctionnement vun der parlamentarescher Demokratie a Fro gestallt gëtt, an eng direkt "Demokratie vum Vollek" gefuerdert gëtt.

auto_stories

3 min

Philippe Poirier, Politolog

Déi nei Lëschten a politesch Beweegunge géife méi direkt Demokratie, méi Referendumen a méi eng grouss Roll fir d'Bierger fuerderen. Déi nei Bewegung "Biergerinitiativ: Demokratie 2018" wier e Beispill.

Dem Politolog vun der Uni Lëtzebuerg no, kéint een dat mat zwou Saache verbannen.

  • Duerch de Referendum vun 2015 wieren Energië vun de Wieler fräigesat ginn, fir sech vun den traditionelle Parteien an der parlamentarescher Demokratie lasszeléisen.
  • Déi elektronesch Petitiounen, déi Bierger kënnen deposéieren, hätten derzou geféiert, datt d'Leit méi vun enger direkter Demokratie kënne Gebrauch maachen.

Tendenz no riets

D'Wieler an Europa, an och zu Lëtzebuerg, géife sech allgemeng no Mëtt-riets a riets beweegen. Hei am Land wier dat awer vill manner de Fall wéi zum Beispill an Däitschland, Frankräich oder der Belsch.

E radikalen, extremen Diskurs géif et zu Lëtzebuerg just bei minoritäre Gruppe ginn. D'Sondage géifen och weisen, datt d'Parteie mat Iddien, déi riets vun de rietse Parteie leien, manner wéi 12 Prozent Ënnerstëtzung géife kréien.

Lëtzebuerger Sprooch

Bei verschiddenen Theme kéint een awer e Verhäerde vu konservativ-rietsen Tendenzen erkennen, mengt de Politolog. E Beispill wier d'Roll vun der Lëtzebuerger Sprooch. An dat net just bei den Diskussiounen iwwer de Gebrauch vum Lëtzebuergeschen am Alldag an an den Administratiounen.

Och d'Roll vum Lëtzebuergesche fir d'Konzept vun der Identitéit wier eng Diskussioun, déi verstäerkt gi wier duerch de Referendum 2015. Dëse Referendum gesäit de Philippe Poirier als "linguisteschen Identitéits-Moment".

Vill Wieler decidéiere sech spéit

Datt verschidde politesch Parteien hir Wahlprogrammer spéit, oder bis elo nëmmen an de grousse Linnen, mat den Haaptmesüren, virgestallt hunn (wéi d'DP an d'CSV), erkläert de Politolog fir d'éischt duerch d'Summervakanz. D'Wieler géifen net onbedéngt u Politik denken.

Da géifen och vill Leit eréischt spéit decidéieren, wéi eng Partei si ënnerstëtzen. Bei de Wahlen 2009 an 2013 hätten all kéiers bal 25 Prozent vun de Wieler zu Lëtzebuerg sech eréischt an der leschter Woch vun de Wahlcampagnen decidéiert.

Koalitiounen am A behalen

Vläicht géif et de Parteien och schwéier falen, hir Programmer ze finaliséieren, mengt nach de Philippe Poirier. Well eng Regierungspartei wéi d'DP sech eventuell awer nach iwwerleeë géif, wéi se hire Programm gestalte soll en vue vun enger Weiderféierung vun der Dräier-Koalitioun.

D'CSV hätt hirersäits méiglecherweis intern nach net alles mat de verschiddene Fraktioune bannent der Partei gekläert. A si hätt, bei der Gestaltung vun hirem Programm, och scho vläicht deen een oder anere méigleche Koalitiounspartner am A.

Ofwäerte vum politeschen Debat

D'Verëffentlechung vu Wahlprogramm-Inhalter an Deeler oder Stécker, an déi kuerz Kommunikatiounen op Facebook an Twitter, géifen d'Critèrë vum demokrateschen a politeschen Debat erofdrécken.

De Philippe Poirier betount awer, datt och wa Vakanz wier, d'Wielerinnen a Wieler awer géife wëssen, wat d'Parteien, déi un der Muecht sinn, an och d'Oppositioun, maache wëllen.

De "Saucissonage" vun de Wahlprogrammer wier vläicht eng Kommunikatiounsstrategie. Mee et wier keng gutt Aart a Weis, fir d'Leit ze informéieren, a fir eng Dynamik vum "kognitive Verstoe" bei de Wieler ze schafen.

Interview Philippe Poirierplay_arrow