Op der Clairefontainesplaz Demonstratioun géint de Krich an der Ukrain

Wéi op villen anere Plazen an Europa, gouf haut och hei zu Lëtzebuerg géint de Krich an der Ukrain demonstréiert. Eng Associatioun vun Ukrainer, déi hei am Land liewen, hat fir de Moien zu enger Friddensdemo op der Clairefontainesplaz an der Stad opgeruff.

Rick Mertens / tt

Demonstratioun Ukrain

Wéi d'Klacke vun der Stater Kathedral de Moien 10 Auer geschloen hunn, hunn déi éischt Leit mat ukrainesche Fändelen sech virun der Heeschefra versammelt, an et sinn der ëmmer méi ginn: D'Clairefontainesplaz huet sech am Laf vum Moien esou gefëllt, datt och d'Rue du Fossé laanscht de Knuedler deelweis blockéiert war.

D'Police schätzt, datt eng 7-800 Leit op der Plaz waren. Dat waren der däitlech méi, wei nach bei enger spontan organiséierter Friddensdemo virun zwee Deeg - a si haten e klore Message matbruecht: Stoppt de Putin, a Stoppt de Krich, hunn d'Demonstranten ëmmer nees am Chouer geruff. A vill vun hinnen hunn och méi streng EU-Sanktioune géint Russland gefuerdert:

"Leider blockéieren do verschidde Länner Decisiounen, a wëlle Russland net aus dem SWIFT-Bezuelsystem ausschléissen", sot eis zum Beispill den Alex, en Ukrainer den zënter iwwer zwee Joer hei am Land lieft. Hie war de Moien ee vu villen op der Clairefontainesplaz, déi am Moment Angscht em hir Bekannten op der Plaz hunn.

D'Organisateure soten eis de Moien, si wéilten an de nächsten Deeg weider Rassemblementer organiséieren. Fir politesch Fuerderungen zum Ausdrock ze bréngen. Mee eben och fir sech géigesäiteg Mutt ze maachen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen