arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Afghanistan-Krich war net derwäert, soen d'Amerikaner

International

|
reading time

2 min

Den Afghanistan-Krich war net derwäert, soen d'Amerikaner

D'Evakuatioune vun Auslänner an Afghanen aus dem elo duerch d'Taliban kontrolléierten Afghanistan gi weider, a ginn ëmmer méi heefeg. D'USA an hir Dausenden Zaldoten um Flughafen zu Kabul kontrolléieren de Loftraum a bréngen elo all Dag iwwer Dausend Leit a Sécherheet an d'Ausland. Den US-President Joe Biden seet seng Haaptmissioun ass dës Evakuatioune mat Succès op en Enn ze bréngen. De Krich selwer war net derwäert, seet elo eng Majoritéit vun den Amerikaner.

reading time

2 min

play_arrow Lauschteren


Nom längste Krich an der Geschicht vun den USA, no 20 Joer, soen d'Amerikaner et war einfach net derwäert. Den éischte Sondage nom katastrophalen Enn vun der amerikanescher Presenz am Afghanistan, an dem séiere Muechtwiessel, ass eraus. An et kann depriméierend ausgesi fir déi amerikanesch Veteranen an hir Kolleegen an der NATO-Missioun, an natierlech och fir d'Afghanen déi der Missioun um Terrain gehollef hunn.

De Sondage vun der Noriichtenagence AP an der University of Chicago weist et kloer: esouwuel de Krich am Afghanistan, wéi och deen am Irak hätten net solle stattfannen. Béid Kricher goufe jo no den Terror-Ugrëff op d'USA den 11. September gestart, den 20. Anniversaire vun deem Dag ass an dräi Wochen.

Zwee Drëttel vun de Leit soen et war net derwäert am Afghanistan ze kämpfen, eng Meenung déi och scho virum Muechtwiessel un d'Taliban relativ kloer war. Dëse Sondage gouf nach virun a wärend dem Muechtwiessel am Afghanistan gemaach, d'Meenungen no de chaotesche Biller vun den Evakuatiounen um Flughafe kéinten also fir nach méi klore Meenung suergen.

Wat den US-President ugeet, si 47 Prozent vun den Amerikaner mat senger Aussepolitik zefridden, a 52 Prozent a Saachen nationaler Sécherheet.

Den Joe Biden huet jo vu béide Parteien an den USA Kritik astieche mussen, well seng Entscheedung fir de Réckzuch zu dëser humanitärer Kris geleet huet.

Republikaner gesi méi Wäert an de Kricher, mee nëmme knapps. Véier vun zéng Republikaner soen et war derwäert, am Verglach mat dräi vun zéng Demokraten.

Bal genee 20 Joer nom 11. September ass d'Gefor fir déi national Sécherheet éischter intern wéi am Ausland, seet eng Majoritéit vun den Amerikaner.