Radioen

On air

  |  Missy Mazzoli am Fokus

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Asaz vu Schosswaffen ass rar

Police

Den Asaz vu Schosswaffen ass rar

D'Enquête vun der Generalinspektioun vun der Police leeft virun, nodeems ee Policebeamten zu Bouneweg e Mann erschoss huet, dee mat sengem Auto wollt flüchten. Dee Mann wier riicht op de Polizist zougefuer, hat et an engem Communiqué vun der Police geheescht. De Gebrauch vu Schosswaffen duerch Polizisten ass iwwer d'Gesetz vu Juli 1973 geregelt.

auto_stories

2 min

D'Déngschtwaff kann a verschidde Situatiounen agesat ginn, wann et ëm Noutwier geet. Dat heescht, wann ee Polizist ugegraff gëtt, mat oder ouni enger Waff, an hie ka sech net aneschters wieren, da kann hie seng Déngschtwaff asetzen. D'Gesetz erkläert och am Artikel zwee, datt wann en Auto géint de Polizist als Waff agesat gëtt, dat och ënner dee Beräich fält.

Et ass d'Gesetz iwwer den Asaz vu Waffen an aner Mëttel duerch d'Police am Kader vum Kampf géint d'Kriminalitéit. Et gi verschidde Situatiounen, an deenen den Asaz vu Schosswaffe méiglech ass: De Police Spriecher Vic Reuter erkläert, datt d'Waff als Ultima Ratio am Kader vun der légitime défense, also der Noutwier, agesat ka ginn. Dat wier, wann e Polizist ugegraff gëtt, mat oder ouni Waff, an de Polizist sech net anescht wiere kann.

De Gebrauch vu Schosswaffe vermeiden

Déi Zeenarie gi bei der Police och duerchtrainéiert. D'Decisioun eng Schosswaff anzesetze muss nämlech dacks ganz séier geholl ginn. Dat wieren individuell Decisiounen, déi e Polizist an extrem kuerzer Zäit huele misst. An der Formatioun géif awer och geléiert ginn, fir esou Situatiounen ze evitéieren. De Vic Reuter preziséiert, datt de Gebrauch vu Schosswaffen sou wäit wéi méiglech limitéiert géif ginn.

An der Moyenne wieren dat zwee Fäll pro Joer, mee et hätten och Jore ginn, wou ee kee Gebrauch vu Schosswaffe registréiert hätt. Dëst Joer hätt d'Police an zwee Fäll missten eng Schosswaff asetzen.


D'Carole Schimmer am Panorama den Donneschdeg, 12. Abrëll um 12 Auer:

Lauschterenplay_arrow