Den Donald Trump krut de leschte Sonndeg den Zougang zu senger léifster Spillsaach gespaart. Bis op Weideres dierf hie keng Messagë méi iwwer säi perséinleche Kont beim Internetgigant mam Villchen am Logo publizéieren. Den Accès zu sengen 88 Milliounen Abonnente gouf him ewech geholl als Reaktioun op seng Roll a virun allem seng Messagë virun, wärend an nom Stuerm vun Unhänger op de Kongress, deen amgaang war seng Nidderlag bei de Wale formell ze bestätegen.
Mam Argument, et misst ee verhënneren, datt den Trump mat sengen Tweets zu weidere gewalttätegen Aktiounen animéiert, huet Twitter dës Moossnam gerechtfertegt. Dem villen Applaus, deen dës Entscheedung krut, stinn awer och vill kritesch Stëmmen entgéint, déi heiran e bedenklechen Agrëff an d'Meenungsfräiheet gesinn. An et waren net nëmmen déi üblech Verdächteg, déi am selwechten dréiwe Waasser fëschen, wéi den Nach-President, déi gejaut hunn. Och als moderat bekannte Politiker, wéi déi däitsch Kanzlerin, hu sech de Kriticken ugeschloss.
Eng Firma, déi engem Client de Kontrakt kënnegt
Dobäi muss ee fir d'éischt mol festhalen, datt Twitter eng privat Entreprise ass, déi hei engem Client, wann och hirem prominentsten, de Kontrakt gekënnegt huet. Kee stellt a Fro, datt zum Beispill eng Fluchgesellschaft d'Recht huet e Passagéier aus engem Fliger ze geheien, wann dëse sech dernieft behëlt. Och géif kaum een eng Wiertsfra kritiséieren, déi en aggressive Gaascht virun d'Dier setzt.
Firwat also soll de Client Trump weider Ligen a kaum verstoppten Invitatiounen zu gewaltsamen Aktiounen iwwer de privaten Déngschtleeschter Twitter verbreeden dierfen? Wierder - virun allem aus dem Mond vun de Bekannten a Mächtegen - hu Wierkung op Millioune Leit, kënne Massen a Beweegung setzen oder soss manipuléieren. Dat war och scho virum Stuerm op de Kapitol bekannt.
D'Shoah, de Genozid u Millioune Mënsche vu jiddeschem Glawen, gouf och duerch jorelaang Hetz a Ligen an däitsche Medien erméiglecht oder op d'mannst erliichtert. De Julius Streicher, Chef vum schlëmmsten Hetzorgan, der Zeitung Der Stürmer, gouf dofir 1946 wéinst Verbrieche géint d'Mënschheet zum Doud verurteelt. Am Ruanda war et de Radio Des Milles Collines, dee virun a wärend dem Vëlkermord un den Tutsi als Medium mëssbraucht gouf, fir zu grausaamste Verbriechen unzestiwwelen.
Sech wiere géint de Mëssbrauch vun der Meenungsfräiheet
Wann also d'Meenungsfräiheet eng vun de Saile vun enger pluralistescher an demokratescher Gesellschaft ass, sou muss ee sech wieren, wa se mëssbraucht gëtt, fir géint d'Prinzippie vun eben dëser Gesellschaft virzegoen an, wéi an den USA geschitt, zu gewaltsamen Aktiounen ze animéieren.
Et ass iwwregens och falsch beim Donald Trump vun Agrëff a seng Meenungsfräiheet ze schwätzen. Hien ass bis den 20. Januar nach ëmmer President a ka seng Ligen iwwer eng ganz Rei aner Kanäl verbreeden.
De Problem vun dëser Entscheedung vun Twitter, Facebook a Co ass dann och en aneren.
Déi selwecht Reegele fir social networks wéi fir traditionell Medien
Hir Asiicht kënnt op d'mannst véier Joer ze spéit an erschéngt zimmlech schäinhelleg, nodeem dës Plattformen iwwer Joren dem Dreiwe vum Trump a senge Lakaien nogekuckt an dovunner profitéiert hunn. Eréischt nodeem de Som vum Haass esou richteg gebléit a seng bluddeg Friichte gedroen huet, gedüngt duerch Ligen a Verschwörungstheorien, ass agegraff ginn.
D'Verantwortung vun dëse moderne Medie fir den Inhalt vun de Publikatiounen op hire Plattforme muss déi selwecht ginn, wéi fir all aneren Editeur oder Redaktioun. Et dierf hinnen net eleng iwwerlooss sinn ze decidéieren, wéini d'Grenze vun der fräier Meenungsäusserung erreecht sinn.
Well, och wann ee begréisst, datt dës Entreprisen no vun hinne selwer festgesate Krittären dem Autokrat aus dem Wäissen Haus de Stecker gezunn hunn, esou muss ee sech och folgend Fro stellen. Wat fir eng Krittäre géif eng Plattform applizéieren, déi vum Trump an änleche politesche Brandstëfter gegrënnt gëtt, oder wéi wier d'Entscheedung ausgefall, wann Sympathisante vum Nach-President bei Facebook oder Twitter um Rudder wieren?
Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.