Radioen

On air

Resonanzen  |  Musikalesch Extas

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Den Auto gëtt vermënschlecht"

Mobilitéit

"Den Auto gëtt vermënschlecht"

Den Autosfestival géif an de Medien als "kulturellt Evenement" gefeiert an den Auto vermënschlecht ginn, sot déi gréng Deputéiert Josée Lorsché an der Diskussioun iwwert den Auto zu Lëtzebuerg. De Paul Hammelmann vun der Sécurité Routière sot, de Staat misst sech méi Mëttel ginn, fir géint Phenomener wéi illegal Autoscourse virzegoen. D'Fuerschung iwwert d'Ursaache vun Accidenter misst verbessert ginn, huet sengersäits den Yves Wagner vum Automobil Club betount.

auto_stories

5 min

Iwwert 400.000 Autoe waren um éischte Januar zu Lëtzebuerg immatrikuléiert. Déi nei Immatrikulatioune louchen zejoert nees op Rekordniveau (52.775 nei Zouloossungen). Um Auto Festival 2018 wier bis elo gutt verkaf ginn, sot de Fegarlux President Philippe Mersch an engem éischten Tëschebilan.

Déi Gréng hätte kee Problem mam Auto Festival, an den Auto hätt seng Plaz an der Mobilitéitsketten, seet déi gréng Deputéiert Josée Lorsché. De Lëtzebuerger Autosfestival géif an de Medien awer als "kulturellt Evenement" gefeiert ginn an den Auto géif vermënschlecht ginn. Dat wier "wéi eng Libesbezéiung", mat der Attraktivitéit vum Auto am Mëttelpunkt, sou d'Josée Lorsché. Dobäi misst een awer vum Auto ewech kommen, an aner Mobilitéitsformen ënnerstëtzen.

Interessekonflikt?

Den Autosfestival wier "eng Fro vu Fric", huet de Paul Hammelmann betount. D'Autoskonstrukteure wieren d'Haaptannonceuren an der Press a géifen och deementspriechend behandelt ginn. De President vun der Sécurité Routière gesäit kee fundamentale Problem doranner, datt hien och am Verwaltungsrot vum Automobil Club Lëtzebuerg (ACL) ass.

Heiansdo wieren d'Prioritéite vun der Sécurité Routière anescht wéi déi vum ACL, zum Beispill bei der Fuerderung, fir op de Landstroossen d'Vitess allgemeng op 80 Kilometer an der Stonn ze limitéieren. D'Raison d'être vun der d'Sécurité Routière wier et, fir sech fir méi Sécherheet op de Stroossen anzesetzen. An do géifen hir Interête sech mat deene vum ACL decken, sou de Paul Hammelmann. Dat gesäit den ACL President Yves Wagner och esou. Hien ass iwwregens och am Verwaltungsrot vun der Sécurité Routière.

Politesch Fuerderungen

Den Automobil Club hat virun de Wahlen 2013 eng Rëtsch politesch Fuerderunge gestallt. Vill dovunner wieren ëmgesat ginn, an den ACL wier zefridde mat der Regierung, betount hire President. Och virun de Chamberwahlen am Oktober géif den Automobil Club nees e Fuerderungskatalog zesummestellen. An den nächste Wochen a Méint wëllt den ACL mat de politesche Parteien iwwert hir Prioritéite fir d'Mobilitéit schwätzen.

D'Sécurité Routière géif virun de Chamberwahlen och eng Lobby Aarbecht maachen. "Mir leeën de Politiker eng To do Lëscht vir", seet de Paul Hammelmann.

SUVen: "Iwwert deenen anere stoen"

Déi sougenannten SUVen (Sports Utility Vehicles) bleiwen immens populär, och op dësem Autosfestival. D'Erklärung vum Fegarlux President: Déi méi héich gebaute Karosserie géif de Leit e Gefill vu Sécherheet ginn, och well si "iwwert deenen anere" sëtzen. Dem Paul Hammelmann no géif dat Sécherheetsgefill net der Realitéit entspriechen. Wéi d'ABS Bremsen ageféiert goufen, wieren am Ufank méi Accidenter geschitt, well d'Leit dem Sécherheetsgefill ze vill vertraut hätten.

Fir déi gréng Politikerin Josée Lorsché géif et kee Grond ginn, datt d'Leit sech e SUV uschafen. "Mir maache jo keng Safarien duerch eis Bëscher."

Den ACL-President Yves Wagner huet déi héich Zuel vun Immatrikulatiounen an och den Autosfestival relativéiert. Den Autosfestival wier grad esou normal, wéi zum Beispill Solden an anere Branchen. Bei den neien Immatrikulatioune wier et dann och esou, datt do ëmmer méi d'Occasioune géifen dominéieren. Vill Leit géife sech also kee fuschneien Auto méi kafen.

Illegal Autoscoursen

Och zu Lëtzebuerg géifen illegal Autoscoursen ofgehale ginn. Dat wier seelen, mä kee Geheimnis, sou de Paul Hammelmann. Ënnert anerem aus deem Grond hätt d'Sécurité Routière drop bestanen, datt bei der geplangter Reform vum code pénal déi sougenannte mise en danger d'autrui mat Bezuch op de Verkéier kann ugewannt ginn. "Fir Leit, déi d'Liewe vun aneren op de Stroossen bewosst a Gefor setzen, ze warnen, datt si mat Prisong musse rechnen", sou de Paul Hammelmann.

D'Josée Lorsché huet selwer d'Erfarung gemaach. Op engem Parking op der Kockelscheier wiere Leit mat Autoen esou gerannt, datt si op d'Säit hätt misse sprangen, fir net iwwerrannt ze ginn.

Méi haart Strofen?

Eng allgemeng Verschäerfung vun de Strofe fir Verkéiersinfraktiounen an Delikter hält d'Josée Lorsché net fir néideg. Wichteg wär virun allem, datt d'Automobiliste wëssen, datt si bestrooft ginn, wa si erwëscht ginn. An deem Sënn wieren déi automatesch Radaren eng effikass Mesure. Et missten awer och nach méi Policekontrolle kommen, sou d'Josée Lorsché, déi och éischte Schäffen an der Gemeng Beetebuerg an do responsabel fir d'Mobilitéit ass.

An Tempo 30 Zonen zum Beispill géif net dacks genuch kontrolléiert ginn. Allerdéngs wier dat och e Problem vu Ressourcen. D'Police kéint net iwwerall an ëmmer present sinn. Dofir misst een d'Stroossen an d'Uertschaften wa méiglech urbanistesch esou gestalten, datt et guer net méi méiglech ass, ze séier ze fueren.

De Paul Hammelmann nennt do déi sougenannten Shared space, sou wéi zu Bartreng, e gudde Modell. Dat misst op méi Plazen zu Lëtzebuerg gemaach ginn.

Ursaache vun Accidenter

Fir den ACL-President misst d'Ursaachefuerschung bei Accidenter onbedéngt verbessert ginn. De Statistiken no ginn ëmmer d'Vitess, den Alkohol an d'Virfaart als Haaptursaache vu Verkéiersaccidenter genannt. Dat géif dorunner leien, datt net méi Statistiken erfaasst ginn, mengt den Yves Wagner.

Et misst een och aner Facteuren an der Analys vun den Ursaache mat abezéien: Den Zoustand vun de Stroosseninfrastrukturen, oder d'Onopmierksamkeet vum Chauffeur. Ëmmer nëmmen ze soen, datt d'Vitess Accidenter verursaacht, wier "ze vill einfach". Lëtzebuerg bräicht eng vill méi detailléiert Accidentologie, fir op där Basis Mesuren ze decidéieren, fir d'Sécherheet op de Stroossen ze verbesseren.

Tempo 80

D'Sécurité Routière fuerdert, datt och zu Lëtzebuerg d'Vitess op de Stroossen allgemeng op 80 Kilometer an der Stonn limitéiert gëtt, sou wéi Frankräich et decidéiert huet. Sämtlech Etüden am Ausland géife weisen, datt eng Vitessreduktioun d'Zuel vun Accidenter verréngert, sou de Paul Hammelmann.

Den ACL bleift awer do bei senger Positioun: Eng generell Limitatioun op 80 op de Landstroosse géif kee Sënn maachen. Par konter misst op verschiddene Plazen awer d'Vitess reduzéiert ginn. Sou eng partiell Limitatioun op 80 gëtt jo den Ament och vum zoustännege Minister François Bausch analyséiere gelooss.