Radioen

On air

One World  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Defi vun der Méisproochegkeet

Sozialwahlen 2019

Den Defi vun der Méisproochegkeet

Bei de Sozialwahlen am Mäerz sinn iwwer 500.000 Persoune wahlberechtegt. Dorënner souwuel Lëtzebuerger wéi Frontalieren an Auslänner, déi hei am Land schaffen oder geschafft hunn an an der Pensioun sinn. Also Persoune mat zum Deel ganz ënnerschiddlechem sproochlechen Hannergrond. D'Villsproochegkeet ass deemno och een Thema, dat d'Gewerkschaften am Wahlkampf berücksichtegen.

auto_stories

3 min

D'Websäite vun de verschiddene Gewerkschafte sinn dacks a verschiddene Sproochen accessibel. Fotomontage: radio 100,7.

Souwuel den OGBL, den LCGB an d'ALEBA kommunizéieren op Däitsch an op Franséisch. Mee et géifen, individuell jee no Secteur a jee no der Populatioun, Publikatiounen op Englesch a Portugisesch gemaach ginn, esou de Pressespriecher vum chrëschtleche Gewerkschaftsbond, Christophe Knebeler,

OGBL: Kommunikatioun op fënnef Sproochen

D'Nora Back, Pressespriecherin vum onofhängege Gewerkschaftsbond, verweist dorop, datt all d'Kommunikatioune vum OGBL op fënnef Sproochen an d'Broschüren op Däitsch a Franséisch wieren. Et hätt een awer de Gebrauch vum Englesche verschäerft, besonnesch duerch den Déngschtleeschtungsberäich, wéi zum Beispill de Beräich vun de Consulting Firmen.

Hei géif ee méi geziilt d'Leit uschwätzen, "well dat ee Secteur ass, deen eben och eréischt gewuess ass an ëmmer méi eng grouss Wichtegkeet kritt fir d'Gewerkschaft". Dofir hätt een an dësem Beräich méi Kommunikatioun op Englesch, seet d'Nora Back.

LCGB: Affichë si véiersproocheg

D'Affichë vum LCGB en vue vun de Sozialwahle wiere véiersproocheg. Et wier ëmmer erëm eng Erausfuerderung, fir Informatiounen a sou ville Sproochen ze vermëttelen, seet de Christophe Knebeler.

ALEBA: Internetsite och op Portugisesch an deels och Mandarin

De Laurent Mertz, Generalsekretär vun der ALEBA, der Gewerkschaft vum Personal am Banken an Assurancë Secteur, seet sengersäits, datt zum Beispill d'Startsäit vun der Gewerkschaft um Internet op Portugisesch accessibel ass. D'Portugisesch Communautéit géif wichteg bleiwen, och am Finanzsecteur, seet hien. "Donieft hu mir eng Iwwersetzung vun eiser Startsäit op Mandarin", seet de Laurent Mertz.

Am Ëmgang mat der Méisproochegkeet kéint een awer och op technesch Contraintë stoussen, well Broschüren oder aner Gadgete géifen iwwerluede wierken, wann een dräi Sprooche wéilt benotzen.

Video- a Bildmaterial gëtt vill benotzt

Souwuel den LCGB, den OGBL wéi d'ALEBA setzen och op Bildmaterial. De Christophe Knebeler vum LCGB erkläert, datt et bei de Wahle relativ einfach wier fir Verschiddenes, wéi de Fonctionnement vun der Chambre des Salariés, oder d'Personaldelegatioun ze erklären. Dat kéint een an dëse Fall illustréieren, an et misst een net just mat Text schaffen.

Donieft géif een och Videomaterial benotzen an esou erkläeren, wéi d'Wahl vun der Chambre des Salariés géif fonctionnéieren. Dat wier am komplizéiertsten, seet de Christophe Knebeler.

Den OGBL huet sengersäits ee Video lancéiert fir de Wahlsystem ze erklären, "an dat un Hand vu Biller plus Stëmm". Ënnertitel géifen et op alle Sprooche ginn, preziséiert d'Nora Back. Dës Videoe géife vill gekuckt ginn, seet d'Pressespriecherin vum OGBL.

Fachausdréck sinn op Franséisch

De Christophe Knebeler seet, datt d'Fachausdréck gréisstendeels e franséischsproochegen Hannergrond hätten, mee et géif net ëmmer eng passend Iwwersetzung ginn. Dofir géifen een zum Deel an engem däitschen Text och franséisch Iwwersetzungen dobäimaachen. Och déi däitschsproocheg Leit géifen dës franséisch Terme kennen.

Eng sproochlech Erausfuerderung, déi sech zum Beispill och an der Lëtzebuerger Gesetzesgebung stellt, déi op eng präzis Terminologie zeréckgräift.