arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Dokter Ochs geet an Appell

Collège Médical

|
reading time

1 min

Den Dokter Ochs geet an Appell

Den Dokter Benoît Ochs geet an Appell géint d'Urteel, dat de Conseil de discipline vum Collège Médical géint hie gesprach hat. Dat huet säin Affekot Christian Bock eis op Nofro hi confirméiert: den Appell wier den 9. August deposéiert ginn.

reading time

1 min

De Generalist vu Gonnereng war de 14. Juli an éischter Instanz zu engem Beruffsverbuet vun engem Joer verurteelt ginn, wéinst Verstéiss géint eng Rei Artikele vum Deontologie-Kodex.

Den Dokter Ochs hat sech misse veräntwere wéinst ëffentlechen Aussoen, déi hien an Zesummenhang mat der Corona-Pandemie gemaach hat, a wéinst sengem Ëmgang mat de Corona-Mesuren.