Radioen

On air

Nei Musek  |  Véier spektakulär nei Instrumentalstécker

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Donald Trump hat Aarbechtsplaze versprach

Chronik

Den Donald Trump hat Aarbechtsplaze versprach

Den Donald Trump hat e wirtschaftlechen Opschwong an den USA versprach. Elo, als amerikanesche President, seet hien, datt et dank him der amerikanescher Ekonomie nach ni besser gaangen ass. Dat ass schwéier ze préiwen, mee et gëtt nei Indizien, déi dem Trump op d'mannst zum Deel Recht ginn.

auto_stories

2 min

Den 100,7-Korrespondent zu Washington, Philip Crowther.

Der amerikanescher Ekonomie geet et gutt, vu Mount zu Mount besser. Aarbechtsplaze ginn all Mount neier geschafen. Dat ass eng vun de Wourechte vun der Presidentschaft vum Donald Trump. Mee et ass och eng Wourecht vun der Obama-Presidence. De wirtschaftlechen Opschwong huet ënner dem Trump sengem Virgänger ugefaangen, an Aarbechtsplaze ginn och scho jorelaang neier geschafen, zanter dem Enn vun der Rezessioun um Ufank vum Obama senger Zäit am Wäissen Haus.

Demokraten a Republikaner streide besonnesch elo am Virfeld vun de Midterm-Wahlen am amerikanesche Kongress, wien dann elo responsabel ass fir den Opschwong. Déi Diskussioun wäert esou séier net op en Enn kommen.

Nei Aarbechtsplaze fir vill Trump-Supporter

Den Donald Trump wëllt besonnesch an de Staaten, déi massiv fir hie gewielt hunn, weisen, datt si de richtege Choix getraff hunn. Nei Statistiken, vun der Zeitung Washington Post zesummegestallt, weisen, datt effektiv an deene Staaten nei Aarbechtsplaze geschafe goufen, besonnesch an deene Secteure vun der amerikanescher Industrie, aus deene vill Trump-Supporter entspronge sinn.

Aarbechtsplazen an der amerikanescher Industrie gi méi séier geschafe wéi jeemools an de leschten 30 Joer. A klenge Stied an Dierfer, wou amerikanesch Wieler en Opschwong wollten, ass genee dat geschitt. An deene leschten 30 Joer ass dat net méi an esou engem Rhythmus geschitt. 3,3 Prozent an engem Joer.

Wien ass responsabel?

Ob den neien amerikanesche President dofir responsabel ass, kann een net esou kloer soen. Pëtrolspräisser hu mam Opschwong ze dinn, esou wéi d'Rekonstruktioun no der Zerstéierung vun zwee Orkaner, déi d'USA d'lescht Joer getraff hunn.

D'Trump-Regierung weist op hir rezent Steierreform an op den neien amerikanesche Protektionismus als Grënn hin. Déi bescht amerikanesch Wirtschaft vun allen Zäiten, seet den US-President. Dat wäert ee vu senge Refraine sinn am Wahlkampf 2018 an dann och am Joer 2020.