Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Donald Trump mécht Krich

US-Aussepolitik

Den Donald Trump mécht Krich

No hirer éischter militärescher Interventioun géint de Regime vum syresche President Bashar al-Assad warnen d'USA, datt et kéint zu weideren Ugrëff mat amerikanesche Missile kommen. Den Donald Trump wëll Stäerkt weisen an huet elo säin éischte Krich als amerikanesche President.

auto_stories

3 min

D'USA si schonn zënter méi Laangem ee vu ville Länner, déi hir Missilen op Ziler a Syrien schéissen. An dee Kampf géint d'Terror-Miliz vum "Islamesche Staat" ass nach ëmmer d'Prioritéit vun den USA, seet den amerikaneschen Ausseminister Rex Tillerson.

Mä zënter der Nuecht op e Freideg goufe fir d'éischte Kéier amerikanesch Tomahawk-Missilen op Ziler geschoss, déi dem Staat gehéieren, dem Regime vum syresche President Bashar al-Assad. D'Regierung vum Donald Trump ass elo nach méi déif dran am immens komplexe Biergerkrich a Syrien.

Dem Donald Trump seng éischt 100 Deeg am Wäissen Haus sinn emol nach net eriwwer a scho gëtt mat weideren Ugrëff géint de Regime vum Assad gewarnt. D'USA si bereet nach méi ze maachen. Déi Warnung koum vum amerikaneschen Ambassadeur bei der UNO, der Nikki Haley.

Moskau war gewarnt ginn

Si hat Deel geholl an enger Sëtzung vum UN-Sécherheetsrot zu New York, bei där sech Russland, net iwwerraschenderweis, staark géint d'Loftugrëff vun den USA ausgeschwat hat. Déi russesch Arméi gouf eng gutt Stonn virum Ugrëff gewarnt. Esou konnt Moskau seng Zaldoten aus der Zone eraushuelen. A Russland wäert natierlech säi Partner Syrien an dësem Krich och gewarnt hunn. E puer Fligere goufen zerstéiert. De Pentagon seet, et waren der 20.

Mä schonn zwee Deeg drop goufen d'Basis an d'Landebunn nees benotzt fir Loftugrëff vum syresche Regime a genee där nämmlechter Géigend, wou chemesch Waffe déi lescht Woch benotzt goufen. Dat war de Grond iwwerhaapt fir d'Reaktioun vun den USA.

Wat genee den Donald Trump wëll mat dëser militärescher Interventioun fäerdeg bréngen, ass net esou kloer. Hie sot, hie wéilt de Regime vum Bashar al-Assad dovun ofhalen, weider Attacke mat chemesche Waffen ze starten. Theoretesch war et dat da mat den amerikaneschen Ugrëff géint Ziler vum Regime, wann et dann net sollt zu méi Ugrëff mat chemesche Waffe kommen.

All anere Problem fir e puer Deeg vergiess

Mä dat Wäisst Haus, dat neit Wäisst Haus vum Donald Trump, huet och séier eppes geléiert aus dëser Aktioun. Wann dat amerikanescht Militär esou eppes mécht, da sinn all aner Problemer fir e puer Deeg vergiess. An d'Land weist fir d'éischte Kéier zënter der Vereedegung vum Trump, datt et hannert him steet. Näischt ass méi helleg an den USA wéi d'Arméi a seng Zaldoten, näischt ass méi spektakulär wéi d'Biller vun amerikanesche Missilen, déi vu Krichs-Schëffer am Mëttelmier a Syrien geschéckt ginn.

D'Aktioun gëtt als Succès fir den Donald Trump ugesinn, als séier a staark Reaktioun op grujeleg Biller vu klenge Kanner, déi op déi schlëmmst Aart a Weis viru lafende Kamerae gestuerwe sinn. Den Donald Trump huet dëse Succès gebraucht: An de Sondagen ass hien onbeléift als President an d'Thema vum russeschen Afloss op dëst Wäisst Haus an op dëse President ass zënter dem éischten Dag vu senger Presidence ni verschwonnen. Bis elo.

Nord-Korea déi nächst Kris?

Dräi Deeg laang gëtt an den amerikanesche Medien nëmmen nach iwwer Syrien an iwwert déi amerikanesch Militärmuecht geschwat. An den Donald Trump kritt bekanntlech vill vu sengen Informatiounen a Meenungen aus genee deene Medien. Esou sot säi Liiblingssender Fox News, datt d'Loftugrëff a Syrien e staarke Message och an Nord-Korea schécken. Dat wäert de President net vergiesse wann de Regime vum Kim Jong-un nees sollt eng Rakéit an d'Mier schéissen.

Dat kéint déi nächst Kris am Ausland si fir den Donald Trump. Déi éischt huet dat Wäisst Haus zu engem Succès gefouert. Dat op d'mannst ass d'Meenung vum President, nodeems hien de Weekend d'Analyse vun de villen Experten um amerikanesche Fernseh gesinn huet. Näischt weist Stäerkt esou wéi 59 Rakéiten, déi e puer Fligeren zerstéieren.