Radioen

On air

De Moien  |  Courtney Barnett - Write A List Of Things To Look Forward To

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Donald Trump verstoppt sech hanner Ligen

Immigratiounspolitik

Den Donald Trump verstoppt sech hanner Ligen

An nëmme sechs Woche goufen op der Grenz tëscht Mexiko an den USA bal 2.000 Kanner vun hiren Eltere getrennt. Esou bal d'Eltere probéieren illegal an d'USA ze reesen, gi si verhaft, an d'Kanner a provisoresch Heemer geschéckt. Dat ass déi radikal Immigratiounspolitik vun der Trump-Regierung.

auto_stories

2 min

Esou guer d'Melania Trump, d'First Lady, huet sech zu Wuert gemellt, a schéngt hir Oppositioun ze weise géint d'Immigratiounspolitik vun hirem Mann. Si seet, datt d'Land muss mat Häerz regéiert ginn. Mee en Enn vum President senger Auslännerpolitik ass net a Siicht.

Politik vun Null Toleranz

Si gouf offiziell leschte Mount vum Justizminister Jeff Sessions annoncéiert. Et ass d'Politik vun null Toleranz, dat sinn d'Wierder vun der Trump-Regierung. All eenzel Erwuessenen, deen illegal iwwer d'Grenz kennt, gëtt verhaft, d'Kanner, déi et mat iwwer d'Grenz gepackt hunn, mussen a provisoresch Heemer.

Déi éischt Biller vun dësen Heemer, an engem Fall en ale Supermarché, koumen eréischt virun e puer Deeg eraus, an op d'mannst d'Halschent vun Amerika weist sech schockéiert. Dat si gréisstendeels Demokraten. Republikaner melle sech net zu Wuert.

Zwou Wourechten, eng Ligen

Zwou grouss Wourechte ginn an dëser Situatioun confirméiert. Éischtens, den Donald Trump kann an den Ae vu senge Supporter a Wieler maache wat hie well, si wäerten hien net kritiséieren a him ganz sécher net de Réck dréinen. Zweetens, Republikaner am amerikanesche Kongress traue sech net de President ze kritiséieren. Ze vill Angscht hu si vun him ugegraff ze ginn an esou bei den nächste Wahlen erausgeheit ze ginn.

Den Donald Trump weess, datt seng radikal Auslännerpolitik kéint zum Skandal ginn. Mee hie verstoppt sech hanner enger Ligen. Hie seet, datt dës Politik e Gesetz ass, dat vun Demokrate geschaf gouf. Dat ass net wouer. Et ass kee Gesetz, et ass eng Entscheedung vun der Trump-Regierung.

Trump wëllt Wahlverspriechen halen

Mir wësse firwat den Trump a Richtung Kongress kuckt. Seng Republikaner sollen him nei Gesetzesprojete weisen, déi dës Politik kéinten op en Enn bréngen, mee nëmme wann et och vum Kongress genuch Budget gëtt fir dem Trump seng Mauer. Hie wëllt weiderhi säi Wahlverspriechen halen: Eng Mauer op der ganzer Grenz tëscht den USA a Mexiko.

Fir den Ament ass en Enn vun de Verhaftungen op der Grenz a vun den Trennunge vun Elteren a Kanner net a Siicht. Dat ass net dat Amerika, dat si kennen, soen Demokraten. D'Wäisst Haus seet, datt et un der Zäit ass, Häert an null Toleranz ze weisen.