Radioen

On air

Kultur um 5  |  Them Lights – Residenz-Ofschloss an der Escher Kufa

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nom Brexit muss gekierzt ginn

EU-Budget

Nom Brexit muss gekierzt ginn

D'EU huet een eegene Budget vu ronn 150 Milliarden Euro d'Joer. Wa Groussbritannien aus der EU erausgeet, gëtt et ee Lach. Dowéinst ass d'Diskussioun, wou an Zukunft ka gespuert ginn, voll am Gaangen.

auto_stories

5 min

De pluriannuelle Budget vun der EU, deen all Kéiers fir siwe Joer geplangt gëtt, leeft 2020 aus. Et ass also héich Zäit een neien ze verhandelen. Dat ass den Ament ëmsou méi kriddeleg, wëll den Austrëtt vu Groussbritannien aus der Europäescher Unioun virun der Dier steet.

Groussbritannien ass ee sougenannten Netto-Abezueler, also ee Land, dat méi an de Budget abezilt, wéi et dono duerch EU-Fongen nees erauskritt. D'Lach wat do entsteet schätzt de Günther Oettinger, EU-Kommissär fir de Budget op zéng bis 12 Milliarden Euro pro Joer. Dat Lach gëllt et ze stoppen a sollt zur Halschent duerch Kierzunge geschéien.

Als alleréischt wëll e Günther Oettinger dowéinst dofir suergen, datt d'Suen méi effizient agesat ginn. "Et ass meng Ambitioun, fir keen Euro ouni Plus-value auszeginn." Dowéinst géifen elo all d'EU-Programmer ënnert d'Lupp geholl ginn.

"Vill Spillraum bei EU-Agrarpolitik"

Wou genee soll gespuert ginn, wier nach net festgeluecht, esou den EU-Kommissär fir de Budget. Kee Beräich kéint eng Garantie kréien, datt do net gekierzt géif ginn.

Dee gréissten Deel vum EU-Budget fléisst an d'Agrarpolitik. Dat si bal 40 Prozent. Am Budget tëscht 2014 bis 2020 sinn ëmmerhi 400 Milliarden Euro fir d'Landwirtschaft virgesinn.

Kee Wonner dat Experte virun allem hei eng Méiglechkeet fir d'Kierzunge gesinn. Fir de Jorge Nunez vum Centre for European Policy Studies gëtt et hei vill Spillraum. Hien ass dofir, datt d'Memberlänner an d'Zukunft d'EU-Agrarpolitik kofinanzéiere sollen.

Bréissel géif deemno zwar nach Agrarsubventioune bezuelen, d'Länner missten awer hiren Deel dozou bäidroen. Eng Iddi, déi och am Reflexiounspabeier iwwert de Budget festgehalen ass, dat den EU-Kommissär vru Kuerzem presentéiert huet.

Méi aarm Länner dierfen net ze kuerz kommen

Bei der Kofinanzéierung misst een awer oppassen, dat déi méi aarm EU-Länner net de Kierzeren zéien, sou de Jorge Nunez. "Et kéint een dat Ganzt wéi e Finanzausgläich gestalten. Déi Länner, déi méi aarm sinn, kréien deemno méi Sue vun der EU. Déi méi räich Länner kréie mann oder vläicht och guer näischt."

De Günther Oettinger, EU-Kommissär fir de Budget (Foto: Thierry Monasse / picture alliance)

Fir den Ekonomist mussen d'Memberlänner, wann et em den EU-Budget geet, mat enger anerer Logik un d'Saach erugoen. "No mengen Erfarunge kucken déi meescht Länner, wou d'Suen ze fanne sinn a wéi een un déi Suen erukënnt. Anstatt eng gutt Strategie fir d'Land virzebereeden an dono ze kucken, wéi d'EU do mat hëllefe kann. Da kéinten déi gemeinsam Prioritéite vun de Länner an der EU richteg finanzéiert ginn."

E radikaalt Ëmdenke beim EU-Budget

Och den Expert vum Bruegel think tank, den Zoltan Darvas, schwätzt sech fir ee radikaalt Ëmdenke beim EU-Budget aus. D'Sue missten anescht ausgi ginn. Virun allem bei der Agrarpolitik an de Kohäsiounsfonge misst däitlech gekierzt ginn. Op där anerer Säit misst fir d'Sécherheet, d'Defense an Aktiounen am Beräich vun der Aussepolitik d'Depensen eropgesat ginn. Et soll een sech also méi ëm déi aktuell Problemer bekëmmeren.

D'Kohäsiounsfongen, also déi Fongen, déi virun allem a méi schwaach Regioune fléissen, wieren zwar eng schéin Iddi a géifen d'EU och zesummenhalen. Mä déi Sue wieren an der Vergaangenheet net ëmmer effikass agesat ginn, an der Vergaangenheet, seet den Zoltan Darvas.

"Ech denken, datt een sech bei enger Partie vun de Fonge froe muss, ob se effektiv hiert d'Zil erreecht hunn," esou den Expert. De Zoltan Darvas bezweifelt allerdéngs och, datt d'Memberlänner mat op de Wee ginn, fir souwuel bei der Agrar- wéi och bei de Kohäsiounsfongen de roude Bic unzesetzen. Dee Budget muss unanime ugeholl ginn an do si gréisser Debatte virprogramméiert.

Un d'Reegele vun der EU halen

An deene ganzen Diskussioune geet et och dorëms, eventuell Konditiounen dorun ze knäppen, datt een EU-Memberland Sue vu Bréissel kritt. Wee sech net un d'EU-Reegelen hält, kéint d'Fonge gestrach kréien, esou eng vun den Iddien, déi um Dësch leien. D'Experte sinn éischter skeptesch.

Den Zoltan Darvas vum Think Tan Bruegel ass vum Prinzip hier dofir, seet awer et wier net méiglech an der Praxis. Noweisen, datt ee Memberland sech net un d'Reegelen hält, wier schwiereg a komplizéiert. Ee Prozess virum Europäesche Geriichtshaff dauert Joren. De Budget dogéint gëtt vu Joer zu Joer geplangt a festgehalen. Dowéinst wier et onméiglech dës Iddi an d'Praxis ëmzesetzen. "Konditioune sinn dat falscht Instrument, Länner dozou ze kréien, sech un d'EU-Reegelen ze halen." Et géif een um Enn déi falsch Leit bestrofen. "Nämlech déi, déi an de Regioune vun deene Fonge profitéieren."

De Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn ass fir eng kloer Diskussioun (Foto: Peter Steffen))

Den EU-Kommissär Günther Oettinger hält sech zu deem Thema mat enger eegener Meenung zeréck. Hien ass allerdéngs iwwerzeegt, datt virun allem d'Netto-Abezueler domat d'Accord wieren. "Wann et eng gewëss Conditionnalitéit gëtt, kéint et also eng Win-Win-Situatioun sinn."

"Et musse kloer Diskussioune gefouert ginn"

Een, dee sech schonn dofir ausgeschwat huet, ass de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn. "Ech sinn dofir, datt déi Diskussioun kloer gefouert gëtt. Et ginn europäesch Richtlinnen, Wäerter a Gesetzer, déi net dierfen iwwerschratt ginn." A wann déi iwwerschratt géife ginn, da misst ee wëssen, datt dat Konsequenze géif hunn.

D'Diskussioun iwwert d'Zukunft vum EU-Budget ass lancéiert. D'Zäit leeft, well bis Enn des Joers musse konkret Proposen um Dësch leien.