Radioen

On air

Notturno  |  Polyrhythmics - Liam Rides A Pony

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den EU-Energie-Konsens ass nach net sprochräif

ENERGIE-KRIS

Den EU-Energie-Konsens ass nach net sprochräif

Déi 27 EU-Staats- a Regierungscheffen si sech eens ginn iwwer ee Pak vu Mesuren, déi géint d'Hausse vun de Präisser wierke sollen. Datt nom EU-Sommet een Accord um Dësch louch, läit och dorun, datt doran fir jiddwereen eppes dran ass. D'Detailer sollen en Dënschdeg vun den Energieministeren ausgeschafft ginn.

auto_stories

3 min

Symbolbild. Foto: picture alliance / NurPhoto | Jakub Porzycki

D'Diskussiounen iwwer déi verschidde Modeller fir de Gaspräis an de Grëff ze kréie gi virun. Déi 27 Länner ware sech nämlech net eens. Den Accord besteet elo doran, datt all d'Optiounen, iwwer déi kontrovers diskutéiert gi war, zeréckbehale goufen.

Dozou gehéiere souwuel een dynamesche Präiskorridor, deen da gräift, wann extrem Spëtzten optrieden, ewéi een Deckel um Präis fir de Gas, dee benotzt gëtt fir Elektrescht ze produzéieren.

Dat lescht gëtt och "Spuenesche Modell" genannt, well en do an a Portugal schonn a Kraaft ass. Fir béid Modeller gëtt et an der EU Supporter a fervent Géigner.

Mesurëpak gouf eestëmmeg geholl - ma wéi vill ass déi Unanimitéit wäert?

"Et gëtt nach vill ze dinn, de Plang ass awer elo ganz kloer- Et ass gutt, datt et dofir eng Unanimitéit gouf", sou d'Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen e Freideg direkt nom EU-Sommet.

Wat awer ass déi Unanimitéit wäert, wann dono de Sträit um Niveau vun den Energieministeren nees vu vir ufänkt?

De belsche Premier Alexander de Croo ass ee Verfechter vun der Präiskorridor-Variant an drun interesséiert, datt Däitschland, wat do ëmmer dogéint war, déi Solutioun um Enn net awer nach blockéiert.

Et wier ee sech eens gewiescht, datt een dono net hanner d'Decisioun vum Sommet geet, sou den de Croo e Freideg

"Et là il y a eu des réponses, où l'on s'est regardés droit dans les yeux, on était à 27 autour de la table, on s'est dit, voilà, si je ne voulais pas de la mesure, je le dirais maintenant et je ne demanderais pas aux ministres de le faire".

Olaf Scholz: Et kéint ee weideren EU-Sommet néideg sinn

Vun däitscher Säit huet sech dat liicht anescht ugehéiert. De Bundeskanzler Olaf Scholz betount, datt nach Villes ze kläre bleift.

"Wir haben präzise Maßstäbe benannt, entlang derer die Energieminister die konkreten Details festlegen können. Einvernehmlich."

Tatsaach ass awer, datt Decisiounen um Niveau vun den Energieministeren net mussen à l'unanimité, mee och kënnen duerch ee Vott mat enger qualifizéiert Majoritéit geholl ginn. Dat géif also beispillsweis och ouni Däitschland goen.

Xavier Bettel: "Vott ee géint deen anere vermeiden"

Déi Situatioun sollt ee vermeiden, seet awer och de Premier Xavier Bettel

"Mir kënne bei esou wichtege Froen net kucke fir alternativ Majoritéiten ee géint deen anere ze kréien. Den Accord, dee mer hunn, gesäit vir, datt d'Energieministeren d'Hausaufgab kréien, fir d'Punkten ze developpéieren."

Ee Vott wier allerdéngs net ausgeschloss, sou de Lëtzebuerger Premier.

Den Olaf Scholz verweist och drop, datt een am Fall, wou ee sech net eens gëtt, op en Neits um Niveau vun de Staats- a Regierungscheffe misst usetzen.

"Das ist ein wichtiger Bestandteil unserer Verständigung gewesen. Ich glaube auch angesichts dieser Bedeutung des Themas eine gute Verständigung, eine richtige."

Och dat confirméiert de Xavier Bettel. Méiglecherweis fousst den Accord genee dorop, datt ee sech awer nach eng Dir opgelooss huet.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.